NO PLANET B Escher Jugendhaus

Mother Nature

D’Haaptzil vum Projet ass d’Nohaltegkeet an den Bezuch zu der Natur.
Et geet drëm den Jonken, mat Hëllef vun verschiddenen Aktivitéiten, ze weisen wat si Positives dozou bäidroen kënnen mat klengen Gesten am Alldag an wat fir en Impakt hiert Verhalen ob d’Ëmwelt huet. Den zweeten Volet sinn Aktivitéiten déi hinnen weisen wat d’Natur hinnen ze bidden huet. En weideren Deel vum Projet war et d’Erfarungen an Dynamik, déi mer zesummen am Kader vum Projet erlieft hunn no baussen weiderzeginn an doduerch weider Jonker fir den Projet ze motivéieren. En weidert Ziel war et den ökologeschen Gedanken am Gesamten Alldag vum Jugendhaus an an den Aktivitéiten (Upcycling, Recycling, benotzen vum ëffentlechen Transport, kafen vun Regionalen an Saisonalen Produiten, benotzen vun alternativen Verpakungen fir Stänn a.s.w.) ëmzesetzen fir dass och mir als Virbild dengen kennen.

Ech hunn mech dozou entscheet den Jonken dësen Projet ze proposéieren well ech am Jugendhaus d’Chance hat ze beobachten dass dësen Volet nach net wierklech present war an gläichzäiteg war Demande vun verschiddenen Jonken do. Et ass vill iwwer d’Greta Thunberg an säin Mouvement diskutéiert ginn an gläichzäiteg ass Demande komm fir um Streik deelzehuelen. Fir dass dat wichtegt Thema net soll just eng Phase bleiwen ass mer d’Idee komm den Projet ze grënnen. Ech konnt och beobachten, dass déi meescht Jonk bereet sinn en Effort ze maachen mais net wierklech wossten wou se ufänken sollten. Dowéinst besteet den Projet aus verschiddenen Phasen. Eng Kéier den informativen Deel (wëssenschaftlech Fakten), dann den Reaktiven Deel (wat kann ech als eenzel Persoun bäidroen) an den Bezuch zu der Natur (ob wat hunn ech en Impakt mat mengem Verhalen). An dat alles natierlech verbonnen mat vill Spaass.

Et sinn 25 Jonker déi aktiv un den Aktivitéiten zum Projet deelgeholl hunn mais duerch den Fait dass mir am Kader vum Projet eis Verhalensweis och am Alldag verännert hunn an do duerch alleguerten déi Jonk, déi an d’Jugendhaus kommen domat konfrontéiert ginn sinn, kann ech keng genau Zuel nennen.

Den Projet ass definitiv aktuell an huet eigentlech och ugefaangen duerch den Mouvement « Fridays for Future ». Ech hunn gläichzäiteg déi Jonk wärend dem Confinement drop opmierksam gemaach wat fir en Impakt eist « agespaart sinn » ob d’Natur huet an hunn wärend dem Confinement am Kader vum Projet weider Aktivitéiten proposéiert wéi « Trash-walking-Challenge » an wéi een doheem en Bewässerungssystem fir Planzen mat hëllef vun Upcycling bauen kann fir dësen positiven Aspekt nach weider ze ënnerstëtzen.

Déi Jonk, déi aktiv un den Aktivitéiten zum Projet participéiert hunn waren motivéiert an mat Interesse dobäi. Si sinn sech villen Saachen bewosst ginn, déi se virdrun net onbedéngt wouergeholl hunn.

Fir den Projet un d’Ëffentlechkeet ze bréngen hunn ech mat digitalen Flyeren, Videoen an Fotoen vun den Aktivitéiten geschafft, déi mer alleguerten iwwer Facebook, Snapchat, WhatsApp, Youtube an Instagram gedeelt hunn. Mir waren och als Team bei Radio ARA wou jiddereen seng Projeten an Aktivitéiten presentéiert huet.

Facebook

Instagram

Youtube