NO PLANET B "Schuman-Tube" (D'Multimedia-Team aus dem Lycée Robert Schuman)

Fridays for Future – Live dabei!

De fräiwëllege Medie-Projet vun der 3eA* aus dem Lycée Robert Schuman dokumentéiert d’ « Fridays for Future »-Demonstratiounen tëschent September 2019 a Mäerz 2020 a Form vu schrëftleche Reportagen, Foto’en a kuerze filmeschen Documentairen.

De But vom Projet war et engersäits, de Schüler/-innen vun eiser neier Medien-Sprooche-Sektioun iwwert de medialen « Fridays for Future »-Covering eng éischt praktesch Aféierung an d’Methodik & an d’Aarbechtsweis vum schrëftlechen an audiovisuelle Journalismus ze bidden. Anerersäits sollten si op deem Wee sälwer fir d’Emweltproblematik an d’Klimakris sensibiliséiert gin.

Am Projet involvéiert ware primär Schüler/-innen vun eiser 3e- Medie-Sprooche-Sektioun. Ennerstëtzt goufen si bei hirer Aarbecht vu gläichaltregen Bekannten a Frënn, déi si op di eenzel Demonstratiounen begleed hun an hinnen dobäi gehollef hun, Impressiounen an Interview’en mat der Kamera anzefänken. Di fäerdeg schrëftlech, fotografesch a filmesch « Fridays for Future »-Dokumentatiounen riichten sech finalement awer un all Altersklassen aus eiser Gesellschaft.

De Projet hat zum engen en direkten positiven Impakt op di schrëftlech, medial a sozial Kompetenzen vun de bedeelegten 3eA-Schüler/-innen. Zum aneren goufen awer net nëmme si sälwer mais och d’Lieser vun hire Berichter an d’Spectateuren vun hire kuerzen YouTube-Dokumentairen fir d’Emweltproblematik sensibiliséiert.

Innovativ waren e.a. de gezielten Asaatz vu Kamera’en a Mikro’en & di pädagogesch wertvoll Teamaarbecht bei enger ausserschoulescher Aktivitéit, déi gläichzäiteg gezielt verbonne war mat der gesellschaftlecher Aktualitéit an de Klimadiskussiounen Enn 2019/Ufank 2020.

De Projet gouf ganz am Ufank vum Schouljoer 2019/20 realiséiert vun 3eA*-Schüler/-innen, déi virdrun nach quasi keng praktesch Erfahrunge gesammelt haten am Beräich vu schrëftlechen an audiovisuelle Reportagen. Et ass deemno e.a. och d’Aufgab vun der Jury vun dësem Concours fir festzestellen, ob dat finalt Resultat vum medialen Asaatz vun eiser 3eA e Publikum iwwerzeege kann oder net.

D’Texter, d’Foto’en an di kuerz filmesch Dokumentairen vun eise Schüler goufen e.a. beim Concours « Jeune Journaliste 2020 » agereecht. Generellen Intérêt (iwwert dëse Projet eweg) un der Aarbechtsweis an den Zieler vun eiser neier Medien-Sprooche-Sektioun huet e.a. nom Projet RTL Today manifestéiert. Heizou gouf den 18.5.20 en Online-Artikel publizéiert mam Titel: « Media Education in Luxembourg: A blessing and a curse? »

Site