NO PLANET B Grénge Krees vum Jugend Rout Kräiz

Kolonie goes Green

Mat eisem Projet Grénge Krees adaptéiere mir nohalteg Mesuren wéi d’Schoune vu Ressourcen an emweltfrëndlecht Handlen un de Kader vun de Kolonien a Formatiounen vum Jugend Rout Kräiz. Mir wëllen eise Benevolen Outilen a Wëssen iwwert Nohaltegkeet an Ëmweltfrëndlechkeet an d’Hand ginn fir datt sie et esou op spillerech Art a Weis un d’Kanner a Jugendlech weider ginn. D’Benevole ginn dobäi zu Multiplikateuren, well hiert Wëssen an hier Handlungen net nëmmen am Kader vun der Kolonie verbleiwen, mee si et och doriwwer eraus mathuelen kënnen. Am Fokus stinn dobäi op der enger Säit e Formatiounsweekend, dee mir zanter 2020 ubidden an d’Schreiwe vun engem Guide fir Moniteuren a Monitricen, fir hir Kolonie nohalteg ze gestalten. Dëse Guide soll e puer Kapitele kréien. An engem éischte Schrëtt hu ma eis em d’Akafe gekëmmert, dat zumools fir eis Selbstversorgerkolonie wichteg ass.

Klimawandel an Ëmweltverschmotzung si wichteg an aktuell Themen. Wee sech e bëssen informéiert wees, dass vun de negative Konsequenze vun dëse Phänomener dacks als éischt déi méi benodeeelegt Gruppe betraff sinn. Vue dass mir als Jugend Rout Kräiz mat eisen Aktiounen vrun allem fir dës sozial benodeelegt Gruppen astinn, ass d’Engagement géint de Klimawandel an d’Ëmweltverschmotzung bei eisen Aktivitéiten eng logesch Konsequenz. Zur Nohaltegkeet fënnt een zwar vill an de soziale Medien an um Internet, mee et ass oft schwéier, den Iwwerbléck ze behaalen a verschidden Informatioune richteg ze verschaffen. Als Grénge Krees wëllen mir genau do uknäppen, andems mir op engem Formatiounsweekend an mat Hëllef vun engem Guide onse jonke Benevolen, ewéi och de Kanner a Jugendlechen an onsen Kolonien, de Sujet ‘Nohaltegkeet’ méi no zebrengen, an ons Kolonien insgesamt méi an dem Sënn gestalten.

Den direkte Pubic vun dësem Projet sinn d’Moniteuren an d’Monitrice vum Jugend Rout Kräiz. Mee och d’Kanner an d’Jugendlech, déi mir mat an d’Kolonien huelen, ginn duerch d’Moniteuren an d’Monitricen sensibiliséiert – heizou gehéieren zum Deel och Kanner mat enger kierperlecher an/oder geeschtecher Beanträchtechung.
Op eise Guide kann awer usech all Persoun zougräifen, och wann e spezifesch fir Kolonie gestalt gouff. An vun engerm méi sensibelen Emgang mat Ressourcen an Ëmwelt profitéiert um Enn vum Dag jidfereen.

D’Klima- an d’Biodiversitéitskris betreffen ons all. Mat onsem Projet wollte mir bewierken datt mir als Jugend Rout Kräiz onsen Deel dozu bäidroen, ons Welt eng besser ze maan. Mam Projet sensibiliséiere mir Kanner a Jugendlecher fir dëst Thema.
Duerch de Formatiounsweekend konnte mir eng Rëtsch Benevolen konkret fir d’Thema Nohaltegkeet an Ëmweltschutz sensibiliséieren an hinnen Outilen an d’Hand ginn fir deen an de Kolonien mat Kanner a Jugendlechen ëmzesätzen. Vue dass e gutt ukomm ass, ass eng Editioun fir d’Joer 2021 geplangt.
Onsen Guide krut positive Feedback, e konnt just leider nach net vill a Kolonien zum Asaz kommen, well wéinst der aktueller Pandemie keng Selbstversorger-Kolonie statt fonnt hunn.
Um Weekend konnten um direkte Wee 10 Moniteuren a Monitricen areecht ginn. Dës hunn a verschiddene Kolonien am Summer hier Wëssen u Co-Moniteuren a -Monitricen ewéi och u Kanner weider ginn. De Guide gouff un all aktiv Monitrice a Moniteur vum Jugend Rout Kräiz gescheckt (ca. 750 Leit), allerdengs konnt de Guide op Grond vun der aktueller Situatioun am Summer manner gutt ëmgesat ginn a gouff eventuell och manner genotzt, ewéi dat am Ufank geplangt war.

All d’Projeten, déi zanter 2019 vum Aarbeschtsgrupp ‘Grénge Krees’ emgesat ginn stin en lien mat der aktueller Klima- a Biodiversitéitskris. Mam Formatiounsweekend an dem Guide sollen aktiv eise Moniteuren a Monitricen op dës Thematiken sensibiliséiert ginn. Dobäi schwätze mir um Formatiounsweekend och iwwert aktuell Themen ewéi z.B. Fridays for Future Streiken, d’Pariser Klimaofkommes, national an international Ziler fir géint de Klimawandel unzegoen awer och doriwwer, wat Klimawandel iwwerhaapt ass.

Iwwert de Formatiounsweekend kënne mir direkt mat de Moniteuren a Monitricen schaffen. Zwar war et e méi klenge Grupp, dofir waren d’Diskussiounen awer emsou méi detailléiert an si hunn all en eegent Interessie matbruecht. De Weekend war immenz gutt ukomm, sou dass e fir d’Saison 2021 eng weider Kéier geplangt ass.
Vue dass op Grond vun der Pandemie vill Kolonien hu missen ofgesot ginn, konnt de Guide bis elo wéineg genotzt ginn. Mir schaffen trotzdem u weidere Kapitelen an hoffen dass dësen am nächste Summer aktiv vun eise Moniteuren a Monitricen, ewéi och vun eise Co-Responsabel genotzt gëtt.

De Grénge Krees notzt reegelméisseg den Instagram Account vum jugendroutkraiz fir seng Projeten ze deelen an op se opmierksam ze maachen. Des weidere si mir reegelméisseg an der Zäitung vum Jugend Rout Kräiz, dem Gebabbels a Gebraddels, mat Artikelen vertrueden.

 

Site

Instagram