« Iwwer d’Grenzen ewech » Europäescht Parlament

European Youth Event 2018 Strasbourg

Den European Youth Event ass ee Moyen vum Europäesche Parlament fir jonke Mënschen a ganz Europa d’Méiglechkeet ze bidden mat Leit zesummen ze kommen déi grouss an europawäit Entscheedungen huelen. Et ass eng eenzegaarteg Plattform fir d’Stëmmen vun de jonke Leit ze héieren.

D’EGMJ ass un eis Jugendhaiser erugetrueden an huet gefrot wien Loscht hätt mat senge Jonke um EYE vun 2018 deelzehuelen, deen zu Stroossbuerg stattfënnt. Déi Jugendhaiser déi sech gemellt hunn, hunn dunn mat hire Jonke gekuckt, wien dobäi wéilt sinn. E puer Kritäre gouf et vum EU-Parlament aus, et huet ee missen EU-Bierger sinn an iwwer 16 Joer.

Um Festival selwer gouf engem vill gebueden, vun Iess a Gedrénksstänn, bis Musekoptrëtter, eng Photowall, an eben och verschidde Workshops, Atelier’en a Konferenzen. Zär hunn zesumme mat eise min. 2 Atelier’en oder Konferenzen ausgesicht, do hu mär probéiert opzepassen, wat si interesséiert an wat kéint passen. Dobäi hu mär och net mussen all zesumme sinn, dat war wierklech jee no Preferenz an Interesse. Mär waren z.B. an enger Konferenz iwwer de Port vum Voile, op et soll verbuede ginn oder net. Dës Konferenz war immens spannend, an deelweis hate mär d’Héngerhaut. Déi verschidde Sproochen déi geschwat gi sinn, hunn eis et nach emol däitlech gemaach, wat mär dach fir eng Chance hunn, an der EU ze wunnen an sou vill verschidde Sproochen ze beherrschen, sou dass mär de Casque mat den Iwwersetzungen quasi net gebraucht hunn. Dëse Festival huet eis all méi no beieneen bruecht an et woar immens spannend ze gesinn, wéi vill jonk Leit sech fir Politik an Europa interesséieren.

Mär hunn och eng Nuecht zu Stroossbuerg geschlof an engem klengen léiwen Hotel.

Mär hunn eis fir 2 Kategorien entscheet: „Iwwer d’Grenzen ewech“ an „Ee fir deen aneren“.

De Projet huet zu Stroossbuerg stattfonnt, wat eis dozou beweegt huet, iwwert d’Grenz ze fueren. Dann woare mär och zu Stroossbuerg ëmmer erëm mat de Grenzen vun de Länner a Kontakt, sou vill verschidde Jonker woaren do, Portugisen, Spuenier, Polen, Schweden, Däit- scher, Fransousen, Italiener, mär Lëtzebuerger, an an an.
Bei sou engem Projet wéi beim EYE geet et jo em Europa, also em Länner, also em Grenzen. Em besser Konditiounen fir jiddereen an eng Gläichberechtegkeet.
Wa mär iwwer jiddereen an Grenzen schwätzen, schwätze mär eiser Meenung och vun der Gesellschaft. Vun dofir hu mär d’Kategorie „Ee fir deen aneren“. Wann et hei net em Solidaritéit a Citoyennetéit geet, dann a kengem Projet.

Solidaritéit ass net selbstverständlech, mee et misst et sinn. Duerch den Eye sinn eis Jonk e Stéck méi no un enger ausgeglache Gesellschaft komm, hunn aner Bléckwénkelen entdeckt an hu verstane dass och si d’Recht hunn eppes ze soen an eppes wëllen ze änneren.