BEST YOUTHWORK IN TOWN Jugendhaus Mutfert

End of Season 2019

D’Idde vum Projet war et d’Jugendhaiser aus dem ganzen Land zesummen ze kréien fir zesummen mat den Jugendlechen ee flotten Ofschloss vun der Vakanz ze hun ir dann den Alldagstress vun der Schoul nees lass geet. Den Haaptevent war den Gladiator-Run (Style Ninja-Worrior), an natirlech engem interessanten Rahmenprogramm wou dei Jonk konnten eegenstänneg un verschiddenen Aktiviteiten deel huelen, wei Skatebording, Parcours, Beatboxing, OpenMic, Soccer a villes méi.
Durech d’Kombinatioun vum Eenzellaaf an Team-Run beim Gladiator-run wou jeweils och Punkten fir d’Jugendhaus gesammelt gi si, konnten d’Educateuren och an hirer Katégorie « Erzeier » deel huelen, fir den Gewënner ze ermettelen.
Ee wichteg Objektiv war och den Prais, dh Partiziaptioun fir dei Jonk, dei mir sou niddereg wei méiglech gehaal hun.

Dei eischten Motivatioun war et mei kleng Jugendhaiser zesummen ze brengen fir ee groussen Projet ze réaliséieren an sou d’Zesummenaarbecht tëschent desen ze verbesseren, an sech och besser enerteeneen kennen ze léieren.
Déi zweeten Motivatioun war et dei Jonk mat an den Projet an zebezéihen, dest virum , während an och nom Projet.
Virum Projet fir ee Logo ze entwerfen, Flyeren, um Reglement ze schaffen, an och nom Catering ze kucken.
Während dem Projet ass et virun allem drem gangen dat sie eng Hand mat upaacken, ob an ofriichten, Arbiter sin, fir dat d’Regelen agehaalen ginn, fir den Catering suergen, d’Kees an Anschreiwungen an een Aftermovie ze produzéieren.
Nom Projet ass et drem gangen fir den Aftermovie ze schneiden an mat Musik ze ennerleen fir eben mei eng grouss Visibilitéit no baussen ze kréien.
Aner Jugendlecher hun mir gesicht fir den Encadrement vun den Rahmenaktivitéiten ze plangen an duerch ze féieren.
Eng aner Motivatioun fir den Projet war den Team-building innerhalb vun engem Jugendhaus ze förderen.
D’Idee vun Projet war kloer och dat et sollt ee Green Projekt gin a sin, eben durech eis d’Drënkfläschen, eise Catering, andem mir sou man wei Méiglech Offall wollten produzéieren.
Och haaten dei Jonk d’Méiglechkeet sech Vegetaresch ze ernähren, waat haut nach net selbstverständlech ass op sou groussen Aktivitéiten.

Den Event war fir all Jugendlechen teschent 11 a 28 Joer, egal op hien een Jugendhaus besicht oder och net.

Jugendlecher aus den Orga-Jugendhaiser hun gehollef den Projet ze realiséieren an hun matgeschafft während dem Prozess, bis hun zum ofrichten, an konnten och selwer mat maachen, an fir hirt d’Jugendhaus laafen. Si hun Tâchen kritt dei si och all erfëllt hun. Dest waren eng 14 Jugendlecher.
Eng insgesamt 80 Jonker hun sech den Dag eegenstänneg beim Gladiator-run ugemëllt an och un den aner Aktivitéiten deel geholl ouni dat do een Zäitplang am viraus ausgeschafft gin war. Den Projet ass just duerch d’Egeninitiative vun den Jugendlechen gelaaf.
Och fir un um Rahmenprogramm, also un den Workshops deel ze huelen, hun dei Jonk sech eegenstänneg mat organiséieren. Des Eegendynamik vun den Jonken huet gutt geklappt, well d’Workshops all gutt besicht an sou quasi Selbstläufer waren. Dei Jonk hun an dne Workshops jeweils dei neideg Informatiounen kritt wei een Beatboxen… etc richteg mecht.

Well den Projet och ee « Green Projekt » war, et soll een den Jonken jo een Virbild sin, hun mir och schon bei der Orga opgespasst, sou gutt et eben gangen ass fir Plastik an Offall ze vermeiden.
Och beim Iessen hun mir den Jonken eng vegetarisch Alternativ ugebueden, fir bessen vun den normalen Snacks weg ze kommen.
Duerch d’Drenkfläschen dei mir fir den Event produzéieren gelooss hun, konnten d’Partizipanten an d’Helfer den ganzen Dag Drenkwaasser notzen fir hir Fläsch nees opzefëllen.

Dei Jonk waren während dem ganzen Prozess an verschidden Sachen implizéiert.
Entworf vun engem Logo
Entworf vun Flyer an Plakater
Produktioun vun engem Publizitéitsvideo
Produktioun vun engem AfterMovie
Peer to Peer vun den Workshops, Skateboarding, Beatboxing, Parcours, OpenMic, Soccer….
Catering a Service
Kees fir Umedlung an Bongen fir Catering
Arbiter beim Gladiator-Run (MainEvent)
Op ab Ofbau vum Gladiator-Run
Op an Ofbau vum Event

An den sozialen Medien hun mir Reklamm gemaach.
All Jugendhaus huet per Bréif an per E-mail Informatiounen zum Event kritt.
Flyer an Plakater un dei Jonk gin, fir an den Schoulen opzehänken

Facebook