One for everything Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

3. Bauerenhaff an der Stad

De Bauerenhaff an der Stad ass 2022 scho fir eng drëtte Kéier realiséiert ginn, dës Kéier vum 1. – 3. Abrëll 2022 op der Plaz bei der gëlle Fra.

Zil vum Projet ass et dem Konsument eis Lëtzebuerger Landwirtschaft a senger Komplexitéit an a senger Produktivitéit nees e Stéck méi no ze bréngen a wat ass do méi einfach wéi de Bauerenhaff bei de Konsument an d’Stad ze setzen. Mir hunn an der drëtter Editioun d’Haaptdéiere virgestallt: Mëllechkéi, Mammekéi, Schwäin, Geessen an och Schof. Hei hu mir och d’Produktioun vu Mëllech a Fleesch, souwéi déi modern Déierenhaltungsforme gewisen. Iwwerdeems hate mir och Demonstratioune vun de Kéi sträichen, d’Kaalwer fidderen, mee och d’Schwäin an hirem Stall, asw.

Als zweete Volet zur Produktioun vu lëtzebuergesche Produiten hu mir en Produzentemaart organiséiert, wou Produzenten hei aus dem Land, hir Produite konnte virstellen, hire Produktiounswee konnte weisen a selbstverständlech och hir Produite konnten un de Mann bréngen.

Als drëtte Volet hate mir d’Entwécklung vun der Landwirtschaft an der Virstellung, sou konnten d’Leit sech iwwert d’Evolutioun vun der Mëllechvéihhaltung, souwéi och iwwert d’Entwécklung vun de Kärenrecolten informéieren.

Als véierte Volet, fir eis awer bal mat dee wichtegste Volet, war um Freideg den 1. Abrëll 2022. Hei konnten sech d’Schoulkanner aus der Stad Lëtzebuerg selwer op de Bauerenhaff an der Stad iwwerzeege kommen, konnten u verschiddene Workshoppen deelhuelen a krute villes gewisen an erkläert.