PEER TO PEER Lycée Robert Schuman

“Wie alles begann: Schüler des Lycée Robert Schuman erleben die erste Corona-Welle”

Wärend dem Lockdown vu Mäerz bis Mee 2020 hu Schüler aus de Klassen 4C5, 5CLC1 an 3A* aus dem Lycée Robert Schuman eng Rei vu perséinleche Berichter, schrëftlechen a filmeschen Interview’en a Kuerzgeschichten iwwert hir Erfarungen a Beobachtungen an Zäite vu Pandemie an Homeschooling fäerdeg gestallt. Illustréiert gouf dat Ganzt vun de Schüler aus den aktuelle Klassen 3A*, 2A* an 4CLC1 mat Alldagsfoto’en aus der éischter an der zweeter Coronwell.

Engersäits sollten di Jonk eng sënnvoll Aufgab mat op der Wee kréien fir kreativ, opmierksam, empathesch a psychesch stabil duerch de Lockdown vu Mäerz bis Mee 2020 ze kommen. Anerersäits sollten si iwwert hir Texter, Interview’en a Foto’en méi en déift Verständnis vun der Kris kréien an dobäi hir eege Situatioun an déi vun hire Matmënschen verständnisvoll, tolerant awer och kritesch duerchreflektéieren.

De Projet sollt zum engen Deel den involvéierte jonke Leit selwer, hire (Grouss-)Elteren, Geschwëster, Famill, Bekannten, Frënn a concernéierten Enseignant’en zegutt kommen. Zum aneren Deel riichten di fäerdeg Zäitzeien-Texter, Interview’en a Foto’en sech gläichzäiteg un e gréissere Public, voire un eis ganz Gesellschaft a vermëttelen wertvollt Insiderwëssen iwwert d’Liewenswelten, d’Hoffnungen an d’ Ängschten vun eiser Jugend an den aktuellen Zäiten vu Corona an Homeschooling.

Direkt vum Projet concernéiert waren am Schouljoer 2019/20 3 Klasssen (5ième, 3ième, 4ième) mat engem Total vu 65 Schüler. Am Laf vum éischten Trimester vum aktuelle Schouljoer 2020/21 ass eis nei Medien-Sproochen-3eA* mat 20 weidere Schüler /-innen och nach an de Projet mat integréiert ginn a war fir de fotografeschen Deel zum Corona-Alldag mat responsabel.

De Projet ass souwuel opgrond vun der aktueller Kris vun enger mol traureger mol hoffnungsvoller Aktualitéit. Doriwwer eraus ass d’Corona-Thema e Sujet, deen op schouleschem Niveau all d’Altersgruppen direkt betrëfft. Ganz ‘up to date’ si bei dësem Projet och di kommunikativ Mëttelen, mat deenen di Jonk geschafft hun: Engersäits hu si op di klasschesch Art a Weis Texter geschriwwen. Doriwwer eraus awer hu si och mat hiren ipad’en a Smartphon’en ënnert eneen a mat mir als Enseignant kommunizéiert, hir Effort’en koordinéiert an natierlech fotograféiert a gefilmt.

Vun den 3 Klassen hun all d’Schüler individuell entweder e Bericht / eng Geschicht zu der aktueller Pandemie geschriwwen oder e klengen Documentaire gedréit. Ausserdeem goufen si och encouragéiert, Foto’en ze maachen. Net all d’Texter an och net all d’Documentairen, déi wärend dem Projet entstane sinn, si fir de Concours eragereecht ginn. Di Saach wier a punkto Quantitéit iergendwann ausgeufert. Zreck behale goufe primär déi Texter, déi nei Aspekter zu der allgemenger Problematik bäigesteiert hun an déi virun allem perséinlech Momenter, geliewten Erfahrungen a konstruktiv-kritesch Beobachtungen opzeweisen haten.

Wärend dem Lockdown ass d’ Kommunikatioun mat de Schüler online verlaaf, am Ufank ganz traditionell via email, heiansdo iwwert whatsapp. Am Laf vun de Wochen koum dunn Teams dobäi. Aktuell leeft souwuel den Echange vun den néidegen Hannergrondinformatiounen zum Projet, vun den Texter a vun de Foto’en iwwert Teams. Gréisser Fichier’en wéi Filmer ginn an der Regel iwwert Wetransfer weidergescheckt. Zu der Press hate mir, wat dëse Projet betrëfft, nach kee Kontakt.