Campagne

Teenage Dream

De Projet „Teenage Dream“ ass eng Initiativ vun der Nordstadjugend a.s.b.l déi sech un eis méi Jonk Clientèle am Alter tëscht 12-15 Joer riicht. Et ass dëst eng Kombinatioun aus 2 verschiddenen Volet’en; engersäits soll et eng Jugendparty sinn, anerersäits eng Info-Foire, wou sech Jonker zu deene verschiddensten Themen informéieren kënnen an d’Preventioun am Mëttelpunkt steet. An deem Sënn stellt eis Info-Foire eng grouss Kollaboratioun mat deene verschiddenste Partner duer. Säit der 1. Editioun am Joer 2011 konnt de Projet op Partner wéi de Planning Familial, Bee Secure, d’Police, d’Responsible Young Drivers, de Projet „no violence“, de Service National de la Jeunesse, de Projet „Be juicy“, Eldoradio, Zap.lu, de Kanner-Jugend-Telefon, de Centre information Jeunes, MAG net,…. zréckgräifen.
Entstanen ass den Event well et u sech keng Evenementer ginn, déi op eng méi Jonk Clientèle zougeschnidde sinn. Fir deene Jonken d’Geleeënheet ze bidden och mol ze feieren, gouf d’“Teenage Dream“ an d’Liewe geruff.

Den Event steet dann och all Joer ënnert dem Motto: 100% Spaass, 100% Informatioun, 100% Partystëmmung an 0% Alkohol kuerz gesot, den Event ass 100% jugendgerecht.

Zieler:

  • deene Jonken d’Méiglechkeet bidden sech an engem ugepasste Kader ze ameséieren (ouni dass sech Elteren musse Gedanke maachen; en Elterebistro as och surplace)
  • deene Jonken en Maximum un Informatioun op klengstem Raum unzebidden; Preventioun gëtt hei meeschtens a Form vu Spiller ëmgesat
  • Kontakter zu neien Jonken kréien
  • een Event fir d’Nordstadjugend-Gemengen

2011: 646 Jonker; 298 Jongen & 348 Meedercher; Altersduerchschnëtt 13 Joer
2012: 801 Jonker; 337 Jongen & 464 Meedercher; Altersduerchschnëtt 13 Joer
2013: 653 Jonker; 305 Jongen & 348 Meedercher; Altersduerchschnëtt 13 Joer
2014: 551 Jonker; 239 Jongen & 312 Meedercher ; Altersduerchschnëtt 13 Joer