Campagne

KACHCONCOURS

De Kachconcours ass e Projet, deen et dëst Joer a senger 18. Editioun gouf. Jonker aus dem ganze Land, ob Jugendhaus, Scouten oder e Grupp Kolllegen; jiddereen dierf matmaachen, deen am Alter tëscht 14 a 24 Joer al ass.

Een Dag an enger professioneller Kichen ze verbréngen, mat aneren ze kollaboréieren, en neie Beruff kennenzeléiren, dat sinn alles Zieler, déi hannert dësem Projet stiechen. All Joer mierkt een dann och nees, wéi motivéiert Jonker u sou eng Erausfuerderung kënne erugoen. Op Basis vun enger Corbeille mat enger Rei Liewensmëttel stelle si hiren eegene Menü zesummen, a probéieren op déi Art a Weis d‘Jury vun hire Kachkënschten ze iwerzeegen. Nieft natierlech dem Goût, ginn och Saachen wéi d‘Hygiène an der Kichen, d‘Kreativitéit an d‘Presentatioun bewäert, genee sou mussen d‘Plat‘en zur Zäit um Dësch stoen. Mat engem Altersduerchschnëtt vu 16 Joer ass dëst e Projet, dee souwuel bei deene méi Jonken wéi och bei deene méi eeleren ganz gutt ukënnt.

No ganzer 5 Stonnen an der Kichen, kënnt dee sozialen Aspekt och dobäi, wou di Jonk zesummen dat iessen, wat si dee Mëtten iwwer preparéiert hunn…