One for another Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Scoutsrefugies@lgs.lu

Am Scoutismus sinn dräi zentral Grondsätz verankert: (1) duty to yourself (2) duty to others (3) duty to God.

Dëse Projet vun de Scoutsrefugies@lgs.lu cibléiert virun allem den zweete Scouts-Grondsaz : duty to others.

An engem 3-Woche-Rhythmus, organiséiere mir am Accord mat der Croix-Rouge an der Caritas, Aktivitéite fir Refugiées-Kanner, -Jugendlecher an -Erwuessener vun allen Nationalitéiten, Kulturen a Reliounen, déi op Lëtzebuerg komm sinn. Des Aktivitéite fanne souwuel an hire Foyeren, wéi an eisem Haaptsëtz, der Géisserei, zu Lëtzebuerg statt.

Mir organiséiere Scoutsaktivitéite wei z.B. gemeinsam Spiller, bastelen, kachen, Feier maachen, Scoutstechnike kenne léieren, d’lëtzebuergesch Kultur kenne léieren etc.

Den 3-Woche-Rhythmus an dem mir eis Aktivitéiten ubidden, ass eis wichteg, fir dass d’Kanner, d’Jugendlech an di Erwuesse Vertrauen an eis opbauen an si eng gewëss Stabilitéit an Harmonie an hirer Fräizäit hunn.

Am Februar 2022, am Kontext vum russesche Krich an der Ukrain, entstoung d’Konzept vun de Scoutsrefugies. Ziel ass et de Projet 2023 an och an de Joren dono weider feieren ze kennen.