WE ARE THE WORLD European Youth Parliament Luxembourg asbl.

Schengen 2019 – 6th National Session of EYP Luxembourg

Schengen 2019 war eng Konferenz organiséiert vum Europäesche Jugendparlament Lëtzebuerg. Eis Objektiv ass et der Jugend eng Stëmm ze ginn an eng Plattform wou se sech wuel spieren an sech mat anere Jonken, aus ganz Europa, austausche kënnen. Spezifesch fir dëst Sëtzung hunn mir d’Nohaltegkeet, de perséinlechen Developpement, d’Egalitéit an awer och d’Kooperatioun tëschent de Jonken an de Virdergrond gestallt. Eis war et wichteg dass all Participanten eng Platz geschaaft kréie wou se diskutéiere kennen, iwwer politesch sozial an ekonomesch Sujeten, ouni iergendeng Barrière an ouni Jugement. Ofgehalen hunn mir dëst Sëtzung zu Schengen vum 7. bis den 11. Abrëll 2019.

D’Europäescht Jugendparlament fuerdert dass d’Jugend weiderhin aktiv bleift an aktiv un Léisunge schaffen zu immens komplexen Themen, déi och duerno vum Grand Public kënne gelies ginn. Mir wëllen eise Participante mat op de Wee ginn dass hier Stëmm zielt an dass se kennen eppes erreeche wann se zesummen an haart dofir schaffen. Den Chargé vum Projet, Jim Riewer deemools 18 Joer aal sot dozou: “Perséinlech huet mir EYP immens vill gehollef aus mir erauszegoen a mech ze informéieren iwwert dat wat an der Welt leeft. Zemools awer och mech richteg ze informéieren a kritesch un verschidde Saachen erunzegoen an et vu verschiddene Perspektiven ze kucken.Duerfir wollt ech mat dësem Event, anere Jonken déi selwecht Méiglechkeet ubidden bis hin zum aktiven europäeschen Bierger”

Mir offréiere Finanzielle Support fir all eis Participante wat dës Eventer immens accessibel mécht fir all Jonken. Mir hunn vill Schoulklasse kontaktéiert aus verschiddene Länner a mir hunn vill Publicitéit gemaach fir eis Konferenz wat et immens einfach gemaach huet fir déi Jonk sech anzeschreiwen.

Bei eisem Event waren 110 Jonker present aus iwwer 20 Europäesche Länner a mat verschiddene soziale Verhältnisser. Duerch Hëllef vun Erasmus + hunn mir de Participante hier Un- a Réckrees rembourséiert wat bewierkt huet dass do keen ausgeschloss ka ginn duerch déi finanziell Moyenen an dass eis Sëtzung accessibel war fir all Jonken. Participanten haten also och hei erëm Chance nei Kulturen an nei Leit kennenzeléieren an sech och hei, och no de laange Stonnen an hirem Comité, mat anere Comitéen ze mëschen an auszetauschen.

Schengen 2019 huet ongeféier 1 Mount no dem 1. Youth for Climate Streik stattfonnt a mir hunn dëst och definitiv zur Kenntnis geholl. Mir hunn mat Leit an Entreprisen zesummegeschafft déi ganz vill Wäert op Nohaltegkeet leen. Mir hunn probéiert och de gréissten Deel vun Transferte vun de Participanten zou fouss ze maache wat immens gutt geklappt huet. Bei eisen Locations, wei zum Beispill dem Biodiversum Camille Gira, esou wei bei den diskutéierten Themen war Nohaltegkeet ee wichtegen Pilier. Eis Materialie waren all aus recycléierte oder biodegradabele Materialien a beim Iessen hunn mir dorop opgepasst dass mir esou mann ewéi méiglech Verpackungen benotz hunn & op Vegetaresch Optiounen gesat hunn.
Och an de Comitéen, wou eis Participanten ongestéiert an ouni Barrièrë konnten diskutéieren, war ons et Wichteg dass deenen Jonken hier Iddien net an engem Tirang verschwannen. Dofir war, fir déi dréi Gruppen déi e Fokus op Nohaltegkeet haten, d’Ministesch Carole Dieschbourg eng vun eisen Invitéen an se selwer war erstaunt wéi vill Iddien déi Jonk haten a wéi engagéiert an interesséiert se waren.
Och eent vun de Jonken, dat sech wärend dem Event ëm alles wat Fotoen, Videoen a sozial Medie gekëmmert huet, huet probéiert duerch Interviewe mat de Participanten dësem Message vum ’Gehéiert ginn’ ze illustréieren an engem Projet mam Numm “Listening to be heard”. D‘Jugend gëtt ganz oft net eescht geholl an hinne gëtt oft net nogelauschtert’ seet eent vun de Participanten. Mee mir als Organisatioun wëllen dëst Änneren an hinnen eng Chance ginn, d’Chance sech ze äusseren a d’Gefill ze hunn eppes ze bewierken.

Wat eis Organisatioun am Verglach zu aneren Eenzegaarteg mécht ass dass alles vu Jonke fir déi Jonk ass. Et ass op Basis vu Jugendlechen Volontairen déi hier Zäit investéiere fir hiert Wëssen an hier Experienz un aner Jonker weiderginn. Bei EYP ass e konstanten Austausch vun net nëmmen akademesche Wäerter mee och Wäerter déi zentral zur perséinlecher Weiderentwécklung sinn. Et gëtt hinnen näischt virgeknat mee alles, vun der Organisatioun bis hin zu de Resolutiounen, ass vu Jonke geschaaft ginn.

Virun dem Start vun eisem Event hunn mir eng Facebook Säit an en Instagram Account kreéiert fir eis Participanten um neiste Stand ze hale vun de Locations, de Sujeten eise Partnerschaften awer och vun der Organisatioun. Fir och no der Sëtzung dëst an Erënnerung ze halen hunn mir all Fotoen a Videoen op Facebook gepost. Dëse ganzen Output ass och vu Jonke gemaach a beaarbecht ginn déi awer net aktiv un den Diskussioune matgemaach hunn mee just fir den sougenannten “Media Output” zoustänneg sinn. Sie kennen och hirer Kreativitéit fräie Laf loossen an och selwer Projeten a Welt setzen. E Beispill heifir wier erëm de Projet “Listening to be heard” oder och anerer déi mir iech verlinken!

 

Facebook

Instagram