One for everything Jugendroutkräiz

Rescue Team

Mir hunn de Projet vum « Rescue Team » an d’Liewe geruff, wëll mir dovun iwwerzeegt sinn dass jiddereen, egal op grouss oder kléng a Noutsituatioune richteg reagéiere kann. D’Ziel vum Rescue Team ass et Kanner, Jugendlechen, Erwuessenen, souwéi Leit mat oder ouni Beanträchtegungen d’Angscht ze huele fir ze reagéieren an si mat de Basisgeste vun der éischter Hëllef vertraut ze maachen.

D’Jugendroutkräiz organiséiert all Joer eng grouss Unzuel vun inklusive Kolonien, fir all Alter. D’Rescue Team besicht déi verschidde Kolonien, a weist de Moniteuren a Participanten op spilleresch Aart a Weis d’Grondwësse vun der éischter Hëllef. Heivir goufen dem Alter ugepasste Spiller a Workshoppen entwéckelt, a Rescue Games ausgeschafft déi no Bedarf ausgeléint kënne ginn an ouni spezifesche Moderator kënne gespillt ginn.

Éischt Hëllef geet eis all eppes un !