One for everything Nordstadjugend asbl

Rebound Action Days

Rebound Action Days ass e Projet an Zesummenaarbecht mam Cnapa am mam Jugendtreff Norden. No engem dräideegegen Openthalt mat verschiddenen Workshops zum Thema Suchtpreventioun, Risikomanagement, Liewenskompetenzen an Liewensweeër, hunn déi Jonk gemeinsam ee Projet entwéckelt fir dës Themen ze verschaffen
Nieft der Organisatioun vun engem Openthalt an engem Action Park, wou si Erfarungen zum Thema Risikomanagement sammelen, stoung d’Realisatioun vun engem Film am Fokus. D’Participatioun vun den Jonken war bei dësem Projet extrem héich, duerch d’Planung vum Openthalt am Park, d’Verwaltung vum Budget an déi verschidde Etappe vun der Realisatioun vum Film virun an hannert der Kamera, konnten déi Jonk sech a ville Beräicher weider entwéckelen an gestäerkt ginn.
De Film soll zukünfteg fir weider Workshops zum Thema Suchtpreventioun an Risikomanagement genotzt ginn.