WE ARE THE WORLD Jugendhaus Ettelbréck

Projet Rumänien

Beim Projet Rumänien goung et de Jonken ëm d’Organisatioun vu Material- oder Suespenden inklusiv Transport fir 2 Schoulen an hier Schüler aus der ländlecher Regioun ronnt erëm d’Stad Oradea a Rumänien fir d’Schouljoer 2019/2020. Schoulen a Schüler aus dëse ländleche Regiounen si weder finanziell nach materiell gutt opgesat. Et feelt daags un de finanzielle Mëttele wëll d’Bevëlkerung am Existenzminimum lieft. Ouni finanziell Mëttele feelt et de Schoulen un Ariichtungsgéigestänn an technesch Materialien si guer net do wéi z.B. Overheadprojekter, Beamer, Geometrieset fir op d’Tafel,… D’Schüler kommen daags ouni néideg Materialien an d’Schoul.

Dëse Projet gouf gemaach wëll sech déi Jonk no der éischter Begéinung mat engem Grupp vu rumänesche Jugendleche bewosst gi sinn a wat fir engem Wuelstand op der enger Säit an a wat fir enger Ewechwerfgesellschaft op der anerer Säit si hei am Land liewen. Wéi si héieren hunn an och op Foto’en gesinn hunn wéi schlecht ausgerëscht verschidde Schoulen a Schüler an der ländlecher Ëmgéigend vun der Stad Oradea a Rumänien sinn, wollten si onbedéngt hëllefen.

Zilpublikum waren zwou Schoulen (eng Grondschoul an eng Sekondärsschoul) an der ländlecher Ëmgéigend vun der Stad Oradea a Rumänien mat hire Schüler.

Dëse Projet hat Auswierkungen op déi 2 Schoulen an hier Schüler awer och un de Jugendlech’en déi um Projet deel geholl hunn. Den Impakt op déi 2 Schoulen an hier Schüler war dat si elo materiell besser ausgerëscht waren. Duerch Material wéi Overheadprojektor’en, Beamer’en, iPad’s, konnt d’Schoulpersonal anescht Schoul hale wéi virdrun. Schoulfach Informatik konnt unhand vun den iPad’en iwwerhaapt gehale ginn. D’Schüler konnten domat och néi Technologië kenneléieren, déi hinnen och besser Méiglechkeete fir weiderféierend Schoulen a Beruffer erméiglechen. Schüler deenen et un einfachstem Material gefeelt huet kënnen elo op dat gespent Material zréck gräifen an domat och besser um Schoulalldag deel huelen. D’Regioun erhofft sech duerch d’medial Berichterstattung vun dësem Projet och en weideren Impakt. Spende sammelen a ginn ass hiren Aussoen no a Rumänien net wierklech eppes wat oft gemaach gëtt. Si erhoffen sech doduerch dat si an Zukunft mat der Hëllef vun der ONG aus Oradea mat der mir zesumme geschafft nach méi Spendenaktiounen op d’Been stelle kënnen.

D’Jugendlech ware vun Ufank un um Projet bedeelegt. D’Iddi fir eng Spendenaktioun gouf gemeinsam mat hinnen entwéckelt. Si hunn sech aktiv un der Reklamm fir d’Spendenaktioun bedeelegt an och selwer Spende gesammelt. Ënner anerem waren si an hier Schoule bei den Direkter mat engem offizielle Bréif vun eis. Hinnen ass och ze verdanken dat mir gréisser Technik- a Miwwelspende vun de Schoule kruten. Si ware bei de RTL Radio an eng Sendung fir Reklamm ze maachen dat mir Transportméiglechkeete fir d’Spendenaktioun sichen. Un der Beluedung vum Camion waren déi Jonk och aktiv bedeelegt. 5 vun deene Jonke waren dann och mat 1 Educatrice op Rumänien fir déi offiziell Iwwergab vun de Spenden. Do hunn si dann och an deenen 2 Schoule konnten e klengen Abléck an de Schoulsystem an hier Situatioun kréien.

Mir hunn e Flyer a Pouster gemaach an déi Jonk hunn dësen am private Krees an och an hire Schoule wou si Schüler si mat engem Bréif vun eis beim Direkter ofginn. Et goufe Flyeren a Pousteren un all Nordstadjugendgemeng verdeelt an opgehaangen. All d’Lyceé’en an der Nordstadjugendregion goufen och ugeschriwwen. Verschidde Gemengen hunn de Flyer an hirem Gemengeblatt geprint. An de soziale Medie gouf mat dësem Flyer/Pouster natierlech och Reklamm gemaach, vun eis a vun all Nordstadjugendgemeng. Déi Jonk hunn dat ganz natierlech och souvill wéi méiglech verbreet. All d’Jugendhaiser am Land kruten de Flyer/Pouster och. De Flyer war och an der regionaler Zäitschrëft „HEX“. Déi Jonk sinn och an der Radiosender RTL invitéiert gi fir kënnen eng Annonce ze maachen dat mir en Transport siche fir d’Material.

Facebook

Instagram

Site