One for everything Nordstadjugend asbl

opsichent Jugendaarbecht Beefort

De Projet „Fussball zu Beefort“ ass am Kader vun der Opsichender Jugendaarbecht vum Regionale Jugendservice vun der Nordstadstadjugend entstanen. Nodeems d’Educateuren vun der NoJu de Kontakt zu den Jugendlechen an der Gemeng gesicht hunn, hunn mir si op ee Jugendforum invitéiert fir zesummen hir Interessien an Besoinen ze identifizéieren.
Hei sinn zwee Haaptvoleten entstanen. Zum engem wollten déi Jonk den Accès fir iwwert déi kal an reenereg Wanterméint an der Sportshal zesumme Fussball kënnen ze spillen. Ausserdeem wollten si een eegenen Fussballstournoi vun Jonker fir Jonker zu Beefort op d’Been stellen.
Vun Januar 2022 un, hunn déi Jonk sech reegelméisseg, ee bis zwee mol d’Woch getraff fir déi zwee Voleten ëmzesetzen.
Am Oktober 2022 huet hire Fussballstournoi statt fonnt an een zweeten ass fir d’Fréijoer 2023 geplangt.