One for everything Jugendhaus Ettelbréck

OPEN SCHOOL

De Projet Open School ass an Zesummenaarbecht mam Ettelbrécker Lycée Technique entstanen an do sollt mat non-formale Bildungsmethoden zum Schluss vun der Schoulvakanz den Einstieg an de Lycée erliichtert ginn.

Si sollen d’Geleeënheet kréien niewent dem schoulesche Kader z.B. aner Schoulkolleegen, hiert néit Schoulgebai, Personal, d’Schoul, de Schoulwee, Stad Ettelbréck an awer och eis als Ettelbrécker Jugendhaus als wichteg Ulafstell kenne léieren.

Zil vum Projet ass de Jonken ze stäerken an den Iwwergang vun der Primärschoul an de Lycée ze erliichteren. Frëndschafte solle gebillt ginn, den Teamgeescht soll gestäerkt ginn, d’Angscht virun dem néie Liewensofschnëtt am jonken Alter soll hinne geholl ginn. Si léieren eis als Jugendhaus dobäi kennen, wou si spéiderhin hier Fräizäit verbréngen, Hëllef am alldeegleche Liewe kréien, mee awer och an de schouleschen Erausfuerderungen.