PEER TO PEER Nordstadjugend asbl

Mäi Studium aus der Stuff

D’Iddi an d’Ziel vun dësem Projet „Mäi Studium aus der Stuff“ war et de Jonke Primaner an all anere Jonken, de mat dem Gedanke fir ze studéiere spillt, trotz Coronazäiten d’Méiglechkeet ze ginn eng Studentefoire ze besichen. Dëst sollt dann ebe virtuell stattfannen a vu Jonken déi studéiere, fir Jonker déi studéiere wëllen, organiséiert ginn. Et sollt keng klassesch Studentefoire vun den Uni’en si wou si sech virstellen, mee eng wou Studenten hiert Studiefach, hier Universitéit, hire Studentencercel a hier Studentestad virstellen. Dëst sollt a Form vu kuerze selwer gedréinte Video’en déi e roude Fuedem u Froe beäntwere stattfannen. Wann e Jonken nach zousätzlech Froen hat, dann hat en och déi Méiglechkeet déi eenzel Studenten aus de Video’en ze kontaktéieren.

Mir wollten dëse Projet maachen, wëll mir vun enger Studentin ugeschwat goufen, déi sech um all déi Primaner an aner Jonker déi studéiere wëlle Suerge gemaach hat, wëll si wéinst der Corona Kris keng Chance op eng Studentefoire haten. Hat war der Meenung dat déi vill bei der Decisioun hëllefe kéint, wou en herno studéiere geet a wéi gutt dat en preparéiert ass. No engem Telefonat mam ACEL wousste mir, dat si zu der Zäit nach näischt sou geplangt haten. Vue que dat mir der Meenung waren dat en do net nach laang waarde sollt, gouf dëse Projet direkt op d’Been gestallt.

Zilpublikum fir dëse Projet ware Primaner an aner Jonker déi studéiere wëllen, awer keng Méiglechkeet hate physesch eng Studentefoire ze besichen, Opgrond vun der Coronakris déi keng Studentefoire bannen der Zäit vum Lockdown erméiglecht huet.

Dëse Projet hat souwuel Auswierkungen op d’Studenten, wéi och op all déi Jonk déi studéiere wëllen. D’Studente konnten endlech och mol selwer zu Wuert kommen a hire Studiegang, hier Universitéit, hire Cercle an hier Studentestad virstellen. Déi zukünfteg Studenten konnten ouni vill Ëmweeër Kontakt zu de Studenten ophuelen an do och hier Froe stellen, wann se der haten. Dat Ganzt hat natierlech en vill méi perséinlechen Touch, wéi wann en mat Personal vun enger Uni op enger Foire schwätzt. Et war en peer-to-peer Setting a Form vun engem Video mat eventuellem Videochat dono, wann nach Froen op waren.

Et ass schwéier ze soe wéi vill Jonker dës Video’en am Gesamte gekuckt hunn wëll mir déi Video’en zousätzlech zu eisem Internetsite och op de soziale Medien zur Verfügung gestallt haten. Dës Video’en goufe vun all eis Nordstadgemenge gedeelt a och vu ganz vill private Leit. Wat mir kënnen soen ass dat d’Videoen op eisem Internetsite 50-60 mol am Duerchschnëtt gekuckt goufen.

Am Zesummenhang mat der Adämmung vum COVID-19 war de Projet innovativ andeems en de Jonken erméiglecht huet sech virtuell iwwert d’Kucke vun engem oder méi Video’en iwwert hier Wonschuniversitéit, hiert Studiefach, de Cercle a d’Studentestad ze informéieren an och dozou Froen ze stellen. De peer-to-peer war natierlech och en anert Konzept wéi de vun der Studentefoire. Bei dësem Projet goung et ëm den direkten Austausch vu Jonken. De ganze Projet ass virtuell organiséiert ginn ouni dat déi betreffend Persounen sech je gesinn hunn, wëll et an der Zäit vum Lockdown organiséiert a duerchgefouert gouf.

D’Iddi fir de Projet koum vun engem Jonken a gouf mat eiser Hëllef ëmgesat. Déi Jonk Studenten hunn e roude Fuedem entwéckelt fir de Video, hier Video’en selwer produzéiert an un eis geschéckt. Si hunn eis och gehollef d’Video’en medial ze verbreeden. Wann Jonker froen haten, da waren si och disponibel fir e Gespréich. Si waren zu all Moment vun Ufank bis zum Ofschloss an de Projet agebonnen.

Am Ufank gouf iwwert eisen Internetsite an déi sozial Medien en Opruff gemaach, dat mir Studente sichen, déi eis e Video eraschécke wëllen. Et gouf e Video vun eis gedréint fir de Projet virzestellen a dann eenzel Videoe vu jee engem Student. Dës Video’en goufe bei eis um Internetsite virgestallt, mee awer och op Facebook an op Instagram. Eis 2 Jugendhaiser hunn dës Video’en och op de soziale Medie gedeelt. All d’Video’en goufen och vun eisen 10 regionale Gemengen déi mir betreie gedeelt. D’Studenten hunn d’Videoen natierlech och op de soziale Medie gedeelt, sou dat sech d’Video’en verbreet hunn.

http://2019.nordstadjugend.lu/maumli-studium-aus-der-stuff.html

Facebook

Instagram