« Ee fir deen aaneren »

Lëtzebuerg: Land a Leit

Wéi all d’Projet’en vum Multimedia-Team „Schuman Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman huet och „Lëtzebuerg: Land a Leit“ zwee Volet’en:

  • een filmeschen Deel aus engem 5-Minutten Documentaire, dem „Multi Lëtzebuerg“;
  • d’Interviewan d’Essaysammlung iwwert eist Land a seng Bewunner, d.h. de schrëftlechen Deel vum Projet.

D’ Ziel vum Documentaire „Multi Lëtzebuerg“ war den intergenerationellen an interkulturellen Austausch tëschent Schüler aus de Stater
Lycée’en Robert Schuman an Technique du Centre mat Senioren aus dem Beetebuerger Fleegeheem „An de Wisen“. Geschwat gouf iwwert Lëtzebuerg, seng Awunner, Macken an Traditiounen.

Wärend engem Dag hunn sech hei jonk a manner jonk Leit aus 8 Nationalitéite ausgetosch e.a. iwwert Sujet’en wéi d’Méisproochegkeet, di Lëtzebuergesch Mentalitéit, al Gebräicher a Iessgewunnechten, di reliéis Toleranz an historesch Sehenswierdegkeeten hei am Land.

D’Ziel vun der Interviewan der Essaysammlung huet dora bestanen, Schüler a Schülerinnen
vun eise Klassen 3C2 a 4C1 eraus an d’Land ze schécken, mat der Missioun, an direktem tëschemënschlech-kommunikativem Kontakt de Bols vun hiren Zäitgenossen ze fillen an hir Recherchen a Gespréicher mat Familljememberen a lëtzebuergeschen an auslännesche Matbierger schrëftlech festzehalen.

„Am Dialog, mat der Fieder a mat der Kamera hu mir hei zu Lëtzebuerg Land a Leit entdeckt a sinn dobäi vill iwwert eis Gesellschaft, eis Kultur, eis Matbierger, Matschüler … an iwwert eis selwer gewuer ginn“.