PEER TO PEER

Kaizen Parkour Academy

Eise Projet war eisen eegene Parkour-Veräin ze grënnen: d’Kaizen Pakour Academy. D´Zil dovunner ass et, d’Trendsportart Parkour méi an der Regioun ze verbreeden. Mir wëllen deene Leit, déi u Beweegung interesséiert sinn, eng Méiglechkeet ginn aner Leit mat deene selwechten Interessen kennenzeléieren. Eist Wëssen an eis Fähegkeeten, déi mir an dem leschten Joerzéngt – souwuel als Athleten, wéi och als ausgebilten Traineren – gesammelt hunn, wëlle mir mat jidderengem, deelen dee Loscht huet, vu jonk bis al. Bei eis ka jidderee seng eege Grenze kenneléieren, egal op Mental oder Kierperlech, an dat an engem sécheren Ëmfeld. Eise Motto: “Become the best version of yourself!“

Nodeems mir 8 Joer laang als Sektioun “Parkour” ënnert der Leedung vun engem Turnveräin existéiert an trainéiert hunn, hu mir bemierkt, datt ett net méi méiglech ass, mat iwwer 110 Memberen an enger Saison nëmmen als Sektioun weiderzefueren. D´Zil vun eis Fënnef war dat selwecht: Eist Wëssen, dat mir iwwert all déi Joer gesammelt hunn, sou gutt wéi méiglech, u jiddereen dee Freed u Bewegung huet, weiderzeginn. Mir waren eis also séier eenz, datt deen nächste grousse Projet deen usteet eisen eegene Veräin wier. An dem bitt den Comité, dee sech leideschaftlech fir d’Sportart Parkour an d’Wuelbefannen vu senge Memberen asetzt, de Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen Training mat ausgebildten Traineren an spezifeschem Material un.

Den Duerchschnëttsalter vun eise Membere läit bei ca. 13 Joer, mee Kanner ab 8 Joer, Jonker an och Erwuessener si bei eis häerzlechst Wëllkomm.

Momentan hu mir ca. 60 ugemellte Memberen, an et kommen oft nei Interessenten fir ee “Schnupperkurs” bei eis op den Training kucken.

Doduerch, datt Parkour eng Trendsportart ass an et all Joer méi Interessenten un der Sportart ginn konnte mir (trotz dem confinement) vill Leit fir eisen Training motivéieren. Obwuel mir de regulären Training wéinst de Mesuren hun oft missten ofsoen, bleiwe mir duerch eis “Lockdown-Challenges” di mir (op Facebook, Instagram an eiser Website) veröffentlechen mat de Memberen a Kontakt an a Form.

Als néi gegrënntene Veräin si mir am Laaf vun e puer Méint den 2. gréisste Veräin an der Gemeng Schengen ginn. Ouni eng Pflicht fir eis Memberen un eisem Training oder un iergendwelche Concoursen matzemaachen sinn emmer ca. 90 % vun den ugemelltene Leit présent. Och kréie mir regelméisseg positive Feedback vun eise Memberen, deen eis “Lockdown-Challenges” betrefft.

Op Social Media si mir duerch eis Website (www.kpa.lu), eisen Instagram-Kanal (@kaizenparkouracademy) an eis Facebook-Säit (Kaizen Parkour Academy) gutt vertrueden. Duerch Interviews an Zeitungsartikelen mat Le Quotidien, Moien.lu, dem Lëtzebuerger Journal, dem Lëtzebuerger Wort an der Mosella konnte mir d’Noricht, datt deen éichte Parkour-Veräin mat Kuere fir verschidden Niveauen an Altersgruppen zu Letzebuerg gegrënnt ginn ass séier verbreeden.