One for everything CISV Luxembourg

International Youth Meeting CISV Luxembourg: Unmute the Youth! – Donnez la parole aux jeunes!

Den CISV (Children’s International Summer Villages) ass eng international Organisatioun déi 1951 vum Doris Allen an d’Liewe geruff gouf fir jonke Leit d’Fäegkeet ze vermëttelen, hier Visioun vun enger besserer Welt ze gestalten an ze verwierklechen.

Seid der Grënnung vum CISV International hunn iwwert 200,000 Kanner a Jugendlecher aus iwwert 60 Länner u bal 10,000 Summer Villag’en an aner CISV Programmer uechter d’Welt deelgeholl. Grad elo wou Intoleranz a Populismus nees opkommen, wou “Fake News” Iwwerhand huelen, a wou Minoritéiten nees ausgegrenzt ginn, ginn déi international Programmer, déi als Missioun hunn, interkulturell Frëndschaften, Inclusioun, Engagement, a Kooperatioun opzebauen, de Jugendlechen eng Méiglechkeet fir iwwert sech selwer, hier Matmënschen, d’Ëmwelt, Nohaltegkeet, a Konfliktléisungen nozedenken.

Zu Lëtzebuerg gëtt et d’ASBL CISV Luxembourg säit ronn 50 Joer a si organiséiert weiderhin flott interkulturell Programmer mat Kanner a Jugendlecher aus anere Länner. Genausou gi jonk Lëtzebuerger vun CISV Gruppen aus anere Länner ageluede fir un hiere Programmer deelzehuelen. Déi Jonk maachen net nëmme Frënn op der ganzer Welt. Duerch d’Zesummeliewen an duerch konkret Erliefnisser kréie si eng nei Opfaassung vun eiser Welt, déi hinnen eng tolerant an oppen Haltung gëtt.

2022 huet den CISV Lëtzebuerg en “Youth Meeting” Camp fir 8 international Delegatioune vu Jugendlechen am Alter vun 13 Joer zu Lëtzebuerg organiséiert. Dorënner war och eng lëtzebuergesch Delegatioun. Si beschreift Iech elo kuerz wat den CISV fir si bedeit an deelen e puer Fotoe vun de sëllege flotte Momenter mat Iech. De Youth Meeting 2022 zu Lëtzebuerg ass ënnert dem Thema “Unmuted Youth Meeting” gelaf fir ervirzesträichen dass d’CoViD Pandémie der Kommunikatioun an dem interkulturellen Austausch ënnert Mënschen e Strëch duerch d’Rechnung gemaach huet, an dass déi Jonk no der Pandémie erëm zu Wuert solle kommen a sech fir eng friddlech, ëmweltfrëndlech, an nohalteg Gesellschaft duerchsetzen.