« Fir eise Planéit » Natura Zentrum Aletsch

Gletschertrekking

Ziel vun dësem Camp war et di jonk Jugendlech fir d’Natur, hier Ëmwelt, nohaltegt Verhalen a fir de Klimawandel ze sensibiliséieren.

Ausgeschriwwen gouf de Camp bei onsen Science-Club Memberen awer all Jonken deen sech fir d’Thema interesséiert, konnt sech umellen.

De Science-Club vum Natur Musée war am Juli 2018 an d’Schwäiz op Riederalp gefuer.

Mir hunn an der Villa Cassel geschlof. D’Villa Cassel ass en Pro Natura Zentrum Aletsch, deen Féierungen an Excursiounen fir Schoulklassen a Gruppen ubitt.

Mir konnten och do an Dortoiren schlofen, wat immens ass well d’Villa steet ganz uewen um Bierg an der Natur wou och keen Auto méi hikënnt.
Bal all Dag haten mir Aktivitéiten mam Natura Zentrum Aletsch. Mat ausgebilten Guiden ware mir dunn d’Woch iwwer an de Bierger ënnerwee, wou mir interaktiv Spiller ënnerwee gemaach an mat pädagogeschem Material d’Ëmgéigend analyséiert hunn.

Den groussen Highlight vun der Woch war natierlech de Gletschertrekking, wou mir mat de Jugendlechen an mat engem erfuerene Guide mat de Spikën un de Schong op de Gletscher gaangen sinn. Do krute mir all Erklärungen zum Klimawandel an mir hunn um Gletscher engem Wëssenschaftler gehollef Miessungen ze maachen fir ze kucken wéi vill cm de Gletscher pro Woch schmëlzt. Mir hunn dat zesummen opgeschriwwen an erëm d’Miessungsmaterial frësch preparéiert fir di Woch duerno.

Zilsetzung vum pädagogesche Programm waren: d’Wichtegkeet vum Waasser, Schmëlze vum Gletscher, Ökosystem, Bierglandschaft, Mounddäischtert, Biergdéierewelt a Planzen.
Och di Jugendlech waren an de Programm dohannen mat agebonnen a konnten zum Deel selwer entscheeden wat hiren Programm deen aneren Dag wär.
Zum Schluss vun der Woch konnten mir feststellen, dass de Camp e risegen Succès war. Di Jonk ware méi ewéi begeeschtert an et war di ganz Woch iwwer eng flott Gruppendynamik opkomm.

Dëse Camp ënnerscheet sech zu villen anere Camp ’en well di jonk hei d’Chance haten „live“ mat de Wëssenschaftler um Terrain ze schaffen.
Si wollten alleguerten erëm di nächste Kéier mat goen: mam Science-Club eraus an d’Natur!