One for everything Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

Christmas-Tour

De Christmas-Tour hu mir wärend der Pandemie an d’Liewe geruff an ass säitdeem feste Bestanddeel net nëmmen an eisem, mee och am Kalenner vu de Leit dobaussen!

Entstanen ass d’Iddi am Kapp vun engem vun eise Memberen. An engem Nationalcomité ass driwwer geschwat ginn a schonn ass gestart ginn. D’Memberen aus all de siwe Landjugendgruppen hunn intern hir Preparatioune gestart,d’Memberen opgeruff matzefueren, hir Traktere gerëscht an dekoréiert, sou dass de 26. Dezember alles prett war an ee konnt lassfuere soubal et däischter genuch war.