One for everything Nordstadjugend asbl

A Place for You(th)- Bettenduerf

De Projet „ A Place for You(th)” ass an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Bettenduerf entstanen an steet ganz am Zeechen „Fräiraum“ fir Jonker. An engem alen, eidelstoenden Gebai, sollt nach emol Liewen entstoen ier et ofgerappt gëtt. D’Gemeng huet der Nordstadjugend d’Gebai zur Verfügung gestallt fir do mat der Jugend vun Bettenduerf kënnen Aktivitéiten ze organiséieren.
No engem klengen Jugendforum hunn mir zesummen mat deene Jonken hir Interessien an Besoinen identifizéiert an un Hand vun den Resultater ee Programm erstallt. Iwwert 3 Méint hunn mir eis all Freiden mat deene Jonken getraff an déi verschidden Aktivitéiten fir an mat hinnen realiséiert. Nieft engem Jugendtreff, konnten déi Jonk bei 3 Graffiti Workshops hir kënstleresch Talenter am Gebai ausliewen. Och Aktivitéiten wou si sech defouléieren, hiren Teamwork an hir Koordinatioun verbesseren konnten, sinn ugebuede ginn. Zesummen kachen, iessen, spillen, schwätzen an Zäit mat eneen verbréngen war een wichtegen Deel vun all Aktivitéit.
Ausserdeem hunn déi Jonk beim Design vum „Connencting Won“, eng Give Box vun der Gemeng , gehollef. De Projet huet säin Ofschloss an engem Filmowend fonnt.