MAKING WAVES elisabeth Jeunesse

Zesumme gläich, zesummen anescht – D’Jugend vun haut an all senge Facetten

Ziel vun dësem inklusive Sensibiliséierungsprojet war et jonk Leit mat an ouni intellektuell Beanträch-tegung mëttels Fotografie zesummen ze bréngen. Wärend gemeinsamen Austauschnomëtteger hunn sech déi Jonk aus deenen 2 Institutiounen an Alldagssituatioune fotograféiert an uschléissend eng Fotosausstellung realiséiert, wou si drop opmierksam gemaach hunn, wéi ënnerschiddlech, awer och gläich d’Liewensweeër, vun de jonke Leit hautdesdaags sinn.

Sensibilisatioun vun de Jugendtreffmemberen an der Gesellschaft zum Thema « Liewe mat enger intellektueller Beanträchtegung » an eng entspriechend „Ouverture d’Esprit“ schafen

Promouvéiere vun enger inklusiver Approche, andeems Leit mat enger intellektueller Be-anträchtegung d’Méiglechkeet hunn um gesellschaftleche Liewen ausserhalb vun der Institutioun deelzehuelen

  • Den Accès un Aktivitéite fir jiddereen erméiglechen, esou dat et normal gëtt verschidde, respektiv anescht ze sinn
  • Jonker mat an ouni Handicap an hirer Fräizäit zesummebréngen an déi ënnerschiddlech Liewensstiler vuneneen kenneléieren
  • Entdecken an Opbaue vu Fäegkeeten a Stäerkten, esou wéi och de Limitten
  • Déi Jonk an hirem Organisatiounstalent, hirer Ausdauer an an hirer Autonomie stäerken
  • Deelhuelen un demokrateschen Entscheedungen
  • Ee Gruppegeescht opbauen a Barrièren ewech huelen iwwert den Outil vun der Fotografie
  • Vernetzung vu verschiddene sozialen Acteuren an der Gemeng Clierf
  • Clierf als „City de l’image“ mat engem flotte kulturelle Beitrag ënnerstëtzen

Um Projet ware Jonker aus dem Jugendtreff Norden (Jonker aus der Regioun) souwéi Jonker aus dem Sonnenhaus (Jonker mat enger intellektueller Beanträchtegung) bedeelegt.
Déi uschléissend Ausstellung am Schlass zu Clierf huet sech un all interesséierte Bierger geriicht. En plus sinn speziell Sensibiliséierungsworkshops fir Kanner aus Schoulen oder Maison Relais’en orga-niséiert ginn. No der Ausstellung am Schlass sinn d’Foto’en fir puer Wochen am Lycée Edward Steichen zu Clierf ausgestallt ginn.

Um Projet hunn insgesamt 17 Jonker aus deenen zwou Institutioune matgemaach. Zu Clierf am Schlass ass d’Ausstellung vun ongeféier 300 Leit besicht ginn, d’Kanner aus de Schoulen an de Maison Relais’ en inclus. En plus konnt de ganze Lycée Edward Steichen (vu Schüler iwwer Léierpersonal, Elteren an administrativ Mataarbechter) vun dëser flotter Ausstellung profitéieren.

Inklusioun ass scho säit Joren ëmmer erëm Thema an eiser Gesellschaft. Am Alldag feelt et awer oft un der praktescher Ëmsetzung. Ziel vun dësem Projet war et Inklusioun ze liewen an et zur Normalitéit ze maachen seng Nomëtteger gemeinsam ze verbréngen, op mat oder ouni intellektuell Beanträchte-gung.

Wéi schonns uewen erwäänt, waren insgesamt 17 Jonker aus dem Jugendtreff Norden an dem Son-nenhaus um Projet bedeelegt an och deelweis ganz staark implizéiert. Déi Jonk hunn déi verschidden Nomëtteger gestallt an d’Foto’en gemaach. Uschléissend hunn si d’Foto’en beaarbecht, d’Invitatiounen erstallt an d’Flyeren entworf. D’Uneegne vun dëse graphesche Kenntnisser ass deelweis iwwert de Peer-Learning geschitt, andeems Jonker Workshops zu deem Thema gehalen hunn. Déi Jonk ware reegelméisseg wärend der Ausstellung present an hunn bei de Sensibiliséierungsworkshops fir d’Kanner gehollef.

Déi Jonk aus dem Jugendtreff Norden sinn iwwert verschidden digital Kommunikatiounsplattformen esou wéi am Jugendhaus selwer iwwert de Lancement an déi méiglech Participatioun um Projet in-forméiert ginn. D’Foto’en vun de verschiddenen Austauschnomëttger sinn reegelméisseg op de Face-booksäite vum Jugendtreff Norden an der APEHM gepost ginn an hunn do och zu ganz ville positive Reaktioune gefouert. Fir d’Erëffnung vun der Ausstellung sinn Invitatiounen erausgeschéckt ginn, déi déi Jonk selwer entworf hunn. Fir op d’Ausstellung opmierksam ze maache, sinn am ganze Kanton Clierf Flyere verdeelt ginn. Dës sinn och vun de Jonken erstallt ginn. Wärend der feierlecher Erëffnung vun der Ausstellung war ee Redakter vum Lëtzebuerger Wort do an huet ee klengen Artikel an der Lëtzebuerger Dagespress verëffentlecht. En plus huet d’ Gemeng Cliärref een ausféierlechen Artikel mat puer Foto’en an hirer Gemengenzeitung publizéiert. Dem Internetsite vum Jugendtreff Norden waren och ëmmer erëm aktuell Informatiounen iwwert de Projet z’enthuelen.

Site

Facebook

Instagram