Schutzengel

Prévention Suicide Jeunes

Objectifs:
D’Thema Suicide bei Jonken soll thematiséiert, analyséiert an „enttabuiséiert“ ginn.
Déi Jonk solle vermëttelt kréien dass et och a schwierege Liewenssituatiounen aner Optioune wéi de Suicide gëtt .
Déi Jonk sollen, duerch d’matwierken um an am Clip, sech aktiv mam Thema ausernee setze kënnen.
Mat hëllef vun der « Journée prévention suicide jeunes » sollen déi Betraffen eng Hëllefstellung kënne kréien an/oder ginn.

Jeunes ciblés:
Jugendlecher tëschent 12 an 30 Joer déi schonn mam Thema suicide konfrontéiert woren (sief et fir si selwer oder an hirem Famillen-/Frëndeskrees).
Déroulement :
1ère Phase : (10 jeunes)

  • Ideen a Gedanke vun de Jonken zum Thema Suicide, a Gespréicher, sammelen an festhalen.
  • Dorausser zesummen mat den Jonken e Storyboard schreiwen an d’Filmrollen festleeën an verdeelen.
  • Tournage & Montage vum Clip « Cause à effet »
  • Finalisatioun duerch d’komponéieren vun der Musek fir de Clip.

2e Phase : (23 Jeunes)

  • Meeting mam « Centre d’Information et de Prévention » fir d’Organisatioun vun enger « Journée prévention suicide jeunes »
  • Promotioun fir d’Journée (Flyer, Affiche, Facebook, Trailer Clip, Artikel fir d’Zeitung, Artikel Buet, …)
  • Veranstaltung vun der « Journée prévention suicide jeunes » mat Workshops (fir déi Jonk, betraffen Elteren an Betreier aus dem Sozialen Beräich), Débat & Presentatioun vum Clip « Cause à effet »
  • 3Phase : (X Jeunes)
  • Propagéieren vum Message « Le Suicide n’est pas une option » an Hand vum Clip (Cause à effet).
  • Den Clip gouf (an gëtt) an diversen Lycéen als outils pédagogiques genotzt
  • Am Kader vun dem Projet « Philanthropie ça marche » konnten mir onsen Projet & Message verbreeden.
  • Den Clip ass och op enger Konferenz vun der Santé Scolaire presentéiert ginn