Kompetenz an der Jugendaarbecht

Oratorium 1815

ORATORIUM 1815: Schoulmusical – Konzipéieren, Schreiwen an Ëmsetze vun engem ‘moossgeschneiderten’ Musical iwwert d’Zäit ronderëm de Wiener Kongress (200 Joer Wiener Kongress). Lëtzebuerger Geschicht ‘musicalesch’ erliewen. Fir d’Schüler vum Iechternacher Lycée, ënnerstëtzt duerch fréier Schüler, duerch Elteren a Professeren.

Virun 200 Joer kritt Lëtzebuerg duerch d’Décisiounen um Wiener Kongress (1814/15) eng nei Form: d’Gebidder déisäits der Sauer falen u Preussen, déi nei Grenz bréngt Ännerunge fir d’Land a fir munch Awunner aus der opgesplécktener Regioun mat sech.

ORATORIUM 1815 beliicht d’Zäit virun, während an no dem Wiener Kongress am Iechternacher Raum an 3 Biller. Historesches a Fiktives gëtt vermëscht.

Souerlee Geschicht a Geschichte loosse sech besonnesch gutt op der Bühn mat Musek a Schauspill erzielen. D’Erliefnis ‚Musekstheater’ regt Fantasie a Fantasien un, transportéiert Informatiounen, Wëssen, mécht virwetzeg an ënnerhält, am léifsten op eng zougänglech a gläichzäiteg musekalesch an theatralesch uspriechend Aart a Weis. Esou eng ‚Geschichtsstonn’ beräichert Interpreten an Nolauschterer op intellektuellem, sozialem an emotionalem Plang.

Ronn 160 aktuell a fréier Schüler, ënnerstëtzt vun Enseignanten an Elteren sinn duerfir no den 3 groussen LCE-Spektakelen OraLabora (1998), Pandora (2004) an Ultima Ora (2009) erëm zréck op der Bühn, fir déi véiert hausgemate Musicalproduktioun vun ‚hirer’ Schoul, dës Kéier a Koproduktioun mam Iechternacher Trifolion, uropzeféieren. Eng Erfahrung fir d’Liewen.