One for another Jugendhaus Nidderaanwen

Life

Jonker am Jugendhaus haaten d’Iddi, um Chrëschtmaart zu Nidderaanwen en Theaterstëck opzeféieren, mat deem si Sue sammelen vir eng e gudden Zweck.
Mir vum Jugendhaus hunn dovir mam Kulturhaus Nidderaanwen zesumme geschafft, déi eis eng Theaterpädagogin vermëttelt hunn.
Des Theaterpädagogin huet dunn mat engem Grupp vu 6 Jonken ënnerhalb vu 6 Wochen en Script geschriwwen an d’Theaterstéck dozou ageübt. Dëst alles fraiwëlleg an an der fräier Zäit vun de Jugendlichen. An hirem 1. Brainstorming ass et drop eraus gelaf, datt si d’Thema Hoffnung / net opginn, wëllen an de Virdergrond stellen. Si hunn sech dovir um Märchen – das kleine Mädchen mit den Schwefelhölzchen – inspiréiert, an en Stéck geschriwwen, wat ëm e Mädchen handelt, dat, seng Famill verluer huet, an dowéinst op der Strooss lierft an sech alleng fillt an e schwàiert Schicksal huet. Duerch verschidden Erënnerungen u seng Kandheet an Vergaangenheet an sai Lierwen a senger Famill, kritt hat erem Hoffnung, vir weider ze maachen an duerchzehalen an ze kämpfen. Zum Schluss vum Stéck, erzielt d’Mädchen, e puer Joer méi spéit, wéi et sech duerchgekämpft huet an aktuell op der Erzéierschoul studéiert, vir zukünfteg mat Kanner ze schaffen, déi en ähnlecht Schicksal hun wéi hatt, an vir deenen Kanner Hoffnung ze schenken an si ze begleeden. D’Haaptthematik vum Stéck, ass Hoffnung, Selbstvertrauen, Famill.
Déi Jonk hunn décidéiert, mat dësem Stéck Suen vir d’Péitrusshaus ze sammelen. Eng Platz, wou Mineuren Refuge fannen, déi net méi doheem kënne sinn. Si hunn dëst Stéck 2x um Chrëschtmaart opgefouert an duerno Spenden agesammelt, vir en Don ze maachen, an zum Schluss vun hirem Stéck dem Public d’Péitrusshaus an hir Missioun erkläert.