One for creativity Nordstadjugend asbl

Féier eng op!

D’Nordstadjugend asbl huet mat der Ënnerstëtzung vum Service National de la Jeunesse (SNJ), den Holz- a Bitz-Atelier‘en vum SNJ, dem Corps Européen de Solidarité ESK an dem CAPE- Centre des Arts Pluriels Ettelbréck, den Theaterprojet “Féier eng op!” organiséiert. 10 Jonker hu wärend 6 Méint mat groussem Engagement zesumme geprouft fir hiert Theaterstéck ze entwéckelen. Dëst zesumme mat enger Theaterpedagogin, enger Dramaturgin an dem pedagogeschen Team vun der Nordstadjugend. Den 23. an de 24. September war dann d’Final vum Projet am CAPE mat enger Schoulvirstellung an 2 Optrëtter fir de Grand Public. E grousst Zil vum Projet war et, de Jonken hir Kompetenze bewosst ze maachen, néi Kompetenzen ze léieren an si op hirem Wee zum Erwuesse ginn ze stäerken. Déi Jonk hunn d‘Theaterstéck „Reality Game“ selwer entwéckelt, an d‘Kostümer an d’Bünebild si vun 12 europäesche Fräiwëllegen a Jonke vun den Atelier‘en vum SNJ kreéiert an hiergestallt ginn.
Et war en Theater vu Jonke mat Themen, déi si am Alldag beschäftegen, wéi Kontroll/ Friembestëmmung, Mutt, Sträit, Drama, „Wat ass wouer, wat ass Fake?“, Gaming/Medien (Noriichten, Sozial Medien, Reality TV) ,a villes méi. D‘Stéck war fir all Alter, fir d’Realitéit vun de Jonke wouer ze huelen an ze verstoen.