One for another DLJ asbl

Däi Jugendhaus: Deng LGBTIQ+ FREEDOM ZONE!

De 17. Mee ass all Joer den International Day Against Homophobia, Biphobia and Transphobia, kuerz IDAHO(BI)T. Dësen Aktiounsdag gouf an d’Liewe geruff, fir d’Ëffentlechkeet op déi existéierend Diskriminéierung a juristesch Ongläichbehandlung vun LGBTIQ+ Persounen opmierksam ze maachen, a fir méi Akzeptanz a fir d’Rechter vu queere Persounen anzestoen.

Fir 2022 hat sech den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ) e Projet iwwerluecht, fir den Dag zesumme mat de Jugendhaiser ze feieren.

D’Iddi war et, dass d’Jugendhaiser de 17. Mee 2022 mat hire Jonken Aktioune ronderëm d’Thema Homo-, Bi- an Transphobie maachen, fir déi Jonk an och de Grand Public ze sensibiliséieren.
Verschidde Jugendhaiser hate fir dësen Dag Aktiounen an hirem Haus, resp. an hirer Gemeng organiséiert.

Am Virfeld vum 17. Mee kruten d’Jugendhaiser de Label “Däi Jugendhaus: Deng LGBTIQ+ FREEDOM ZONE!” zougeschéckt, fir siichtbar ze maachen, datt d’Jugendhaus eng Plaz ass, wou all Jonke Wëllkomm ass.
Iwwerdeems si mam Centre LGBTIQ+ Cigale zwou Formatioune fir Jugendaarbechter:innen organiséiert ginn :

• Sensibilisatiouns-Formatioun : Diversité corporelle, sexuelle et de genre. Dëst ass eng Aféierung an d’Thematik a bitt en Iwwerbléck iwwert déi kierperlech, geschlechtlech a sexuell Villfalt.

• An enger zweeter Seance ass et ëm d’Reflexioun gaangen, an hëllefen an d’Participante kruten d’Méiglechkeet hir Aktiounen ze plangen an den IDAHO(BI)T beschtméiglechst virzebereeden.