youngcaritas & Trisomie21 Lëtzebuerg a.s.b.l.
Mir, youngcaritas an Trisomie21 Lëtzebuerg a.s.b.l., hunn2022 eng éischte Kéier ee gemeinsame Projet gewot an eis Fun Days sinn entstanen. Eng inklusiv a sportlech Kuerzkolonie vun dräi Deeg. No dësem Erfolleg, hu mir decidéiert nach vill méi wëllen ze maachen an eng Kollaboratioun tëscht youngcaritas an Trisomie21 Lëtzebuerg a.s.b.l. ass entstan, woubäi mir op zwee Joer reegelméisseg Aktivitéiten zeréck kucken. 2023 an 2024 hu mir nieft eise Fun Days nei Aktivitéiten ugebueden. 38 Aktivitéiten hunn iwwert 42 Deeg stattfonnt. All leschte Freiden am Mount organiséiere mir eng Kachaktivitéit, déi sech net just op d’Kache fokusséiert mee op een Owend dee sozial Interaktiounen erméiglecht ewéi dat gemeinsaamt Iessen, Gesellschaftsspiller spillen, Karaoke sangen asw. Mir hunn Ausflich, ewéi Keele spillen oder op Schueberfouer goen, zesummen erlieft, an och eng „a place for tolerance“ gemeinsam gesprayt. Dëst Joer hunn déi jonk youngcaritas Bénévol zoustätzlech d’Workshops zum grousse Spektakel fir de Weltdag vun der Trisomie 21, den 21. Mäerz 2025, mat senger Filmcrew begleet. De Spaass an d’Zesummesinn stinn ëmmer am Vierdergrond. Mir wëlle Raum a Plaze schafen, déi all eise Participanten d’Méiglechkeet bidd sech ze begéinen an zesummen Zäit ze verbréngen. D’Inklusioun bleift dat iwwerguerdent Zil vun eiser ganzer Partnerschaft.
Autres projets pour One for another
-
One for anotherSolidaritätsprojekt Team FünfbrunnenGroupement Européen des Ardennes et de l'Eifel - EVEA JugendkommissionVoir plus
-
One for anotherFresque Gare CentraleMaison des Jeunes Gare - Inter-Actions asblVoir plus
-
One for anotherShape Up!Association Luxembourgeoise pour le Dialogue InterculturelVoir plus