Initiativ

Yarn Bombing

Mir hunn een „Yarn Bombing“ Projet gestart fir d‘Mobilitéit an der Stad méi attraktiv ze maachen . Mir hunn eis ob der Gare en zimlech ellenen Abri Vélos erausgesicht an de mat lauter selwer gestréckten Stécker verschéinert fir dat d‘Leit méi Loscht kréie mat hirem Vëlo an d‘Stad ze kommen. Mir hunn relativ laang gestreckt an jee no Alter vun den Kanner grouss a kleng Stécker kreéiert fir en interessanten Ensembel ze kréien.Mir hunn bei dësem Projet strécken geléiert, an mir sinn opmierksam ginn op den Zoustand vu verschiddenen Abris Vëlos an eiser Stad. Dëst huet dozou gefouert dat mir eis mat der Thematik „ firwat net mam Vëlo anstatt mam Auto „ auserneen gesat hunn. Yarn Bombing ass eng Urban Art Konschtrichtung di an den USA entstan ass, an zwar an den Fabriken. D‘Aarbechter hunn do einfach ugefangen eekleg an ellen Platzen einfach „anzestrecken“ fir dat se méi positiv sollen sinn. Yarn Bombing ass keng Form vun Graffiti mee eng positiv Urban Art déi einfach nëmmen well dass d‘Leit, wann se laanscht ginn e bëssi kennen „schmunzelen“ an positiv Iwwerrascht sinn. Dofir hunn mir als Groupe Jonker fonnt dat et een gudden Projet wier fir ze maachen, esou dat et net ëmmer heescht di Jonk géifen iwwerall Graffiti „schmieren“ an alles futti maachen ,nee, mir hunn „verschéinert“ an souguer engem alem futtissen Vëlo een neit Liewen ginn als Dekoelement.