Initiativ

U’N I-TED

Viru ronn 4 Joer krut de Jugendtreff Hesper als éischt Haus hei am Land de Label Proufsall, säitdeem hu sech vill jonk Talenter aus de Beräicher Hip-Hop, Rock, Alternative, asw. hei fonnt an zesumme mat hinnen hu mir eng ganz Rei flott musikalesch Projeten bis hin zu «Jugendtreff Hesper goes Philharmonie» mat groussem Succès ëmgesat.

Domadder net genuch hu mir zesumme mat all eise Bands den nächste Schratt geplangt … Ënnert dem Numm U’n Ited wäert dëse MegaProjet an Event stattfannen. Haten Deep Purple a Metallica deemools schons d’Iddi mat engem Orchester opzetrieden, sou ginn déi Jonk aus dem Jugendtreff méi wäit. Nieft Bands aus eisem Proufsall, The Magnums, Southberry Lane, Toxkäpp!, Charlie Chocolate & The Factory, IRINA, kënnen d’Spectateuren och nach iwwert eng Rapperfomance vum LeDé Milestone staunen, dat Ganzt an Zesummenaarbecht an der musikalescher Begleedung vun der lokaler Fanfare vun Izeg.

U’n I-ted ass nämlech net nëmmen e Museksoptrëtt. Dat géif der Diversitéit vun de Jonken aus dem Jugendtreff net gerecht ginn. Kultur ass sécherlech e Schwéierpunkt vun der Aarbecht déi di Jonk ronderëm de Romain ustriewen. Net zulescht well et eng immens kreativ a staark Ausdrocksform ass.

Un I-ted, domadden wëllen déi Jonk vun Hesper och hir Solidaritéit zum Ausdrock bréngen. Den Erléis as fir d‘HIV-Berodung vun der CroixRouge.