One for the planet Jugendtreff Norden

Travel Green – reesen mol anescht

Am Projet “Travel Green” hunn sech déi Jonk un enger aktiver Planung fir eng Visite Culturelle vum 01.08.-04.08, engagéiert. Dës Planung an och d’Duerchféierung huet den Challenge mat sech bruecht, dës Rees mat méiglechst vill ëmsetzbar Usätz, sou ëmweltfrëndlech wéi méiglech ze gestalten. Niewen Alldag-Handlungen, wéi z.B. beim Akaffen méiglechst op Plastikverpackungen ze verzichten oder op fairtrade Produiten zereckzegräifen, gouf nohaltegen, sozialen an finanziellen Wert op d’Transportméiglechkeeten, Ënnerkonft, Versuergung an Aktivitéiten geluecht.
Mir sinn mam Zuch op Amsterdam gefuer, hunn do bei engem lokalen Proprietäre an engem Naturschutzgebiet gewunnt, hunn äis am meeschten mam Velo an öffentlechen Transportmëtelen fortbeweegt , waren regional an akaffen, hunn awer och selwer gekacht an Picknick préparéiert. Mir hunn awer och een lokalen Restaurant besicht, genau sou wéi fräizäitlech, historesch an nohalteg Aktivitéiten gemaach. Och hunn d’Educateuren Opklärungs- an Präventiounsarbecht geleescht.

Als Ofschloss vun dësemProjet, gouf een Sunday-Brunch, mat régional, saisonal, bio an fairtrade Produiten vun den Jonken organiséiert. D’Elteren, Famill, Kollegen an Gemengen hunn un dësem Brunch deelgeholl an kruten d’Abléck an Andréck an een Fazit vun der Rees präsentéiert.

Dës Rees sollt Jonker an der Regioun venetzen, hier Autonomie an Verantwortung, sou wéi d’Uneegnung vun kultureller Kompetenz fuerderen. Och sollt dësen Projet d’Jonker an hierem Denken an Handelenan allen Beräichen vun der Nohaltegkeet sensibiliséieren an weisen, dass Nohaltegkeet net nëmmen Recycling ass, mee villfälteg Facetten huet, an dass dobäi net primär verzicht muss ginn, mee dass et haut vill verschidden, méi ëmweltfrëndlech Alternativen gëtt.