Sozial Responsabel

Jonk trëfft Al – e literareschen a filmesche Projet intergénérationnel

D‘Primärziel vum Projet huet dora bestanen, de kommunikativen Austausch tëschent eise Schüler an der Generatioun vum drëtten Alter systematesch iwwert e längeren Zäitraum ewech ze förderen.
– Am Laf vun de leschten 2 Joer koum et deemno anlässlech vu villen Eenzelgespréicher, gemeinsame Gruppenaktivitéiten a géigesäitegen Visitten zu wäertvollen Ablécker an d’Liewenswierklechkeet, respektiv an d’Erfahrungswelt vu « Jonk an Al » – wat e weideren erkläerte But vun eisem Projet wor.
Nieft dem sozialen an humanen Aspekt ass awer och der pädagogesch-schoulescher Missioun vun eiser Initiativ Rechnung gedroe ginn :
– Op literaresch-sproochlechem Plang gouf während dem Schouljoer 2014/15 vun 3ièmes-, 5ièmes- a 6ièmes-Klassen un 3 illustréierte Brochuren zum Thema «Zeitzeugen im Gespräch, 1939-1945 » geschafft.
Ausgezeechent gouf dës schrëftlech Aarbecht am Mäerz 2016 mam LGV-Präis 2016 an der Kategorie «Originellstes Klassen-/Schülerprojekt im Fach Deutsch ».
Nach wie vor hu mir an deem Kontext de grousse Wonsch, dës gesammelt Krichserënnerungen iergendwann a Buchform kënnen fir de grand Public ze publizéieren.
– Am Beräich vun den neien Technologien hu mir eis am Schouljoer 2015/16 drop konzentréiert, d‘Entrevuen an d‘Kooperatioun tëschent « Jonk an Al » mat der Videokamera festzehalen. Den ideale Kader fir dës nei Missioun hu mir am Beetebuerger Fleegeheem « An de Wisen » fonnt.
Den eigentlechen Déclic fir den Zeitzeugen-Projet intergénérationnel ass dem Holocaust-Iwwerliewenden Gerd Klestadt ze verdanken, dee schonn am Joer 2012 anlässlech vun engem Virtrag bei eis am Lycée di jonk Leit dozou opgeruff huet, sech ëmmer erëm op en Neits mat eiser Vergaangenheet ze beschäftegen a sech am Alldag mat der néideger Zivilcourage fir Matmënschen an Nout anzesetzen – onofhängeg vu Geschlecht, Nationalitéit, sexueller Orientéierung a Kultur.
Zu de positiven «effects directs » vum Projet intergénérationnel zielen ech :
– eng allgemeng Zefriddenheet, jo e gewësse Stolz bei menge Schüler op di geleeschte schrëftlech a filmesch Aarbecht, zemol de literaresche Volet dovun bekanntlech vum LGV honoréiert gouf,
– d‘Gefill bei de Schüler, muenches iwwert d’Vergaangenheet awer och muenches iwwert di aktuell Liewenswierklechkeet an den Alldag vun eisen eelere Matbierger matkritt ze hunn,
– d‘Freed vun enger ganzer Partie vu Senioren, a kommunikative Kontakt zu jonke Leit kënnen ze trieden – jonk Leit, déi hinnen opmierksam nogelauschtert a si eescht geholl a respektéiert hunn, an hinnen mënschlech Virbiller mat grousser, oft schwéierer Liewenserfarung entdeckt hunn,
Zu de positiven « effets indirects » vum Projet zielen ech :
– eng verfeinert Nolauschter-, Dialog- a Schreiwkompetenz bei deene Schüler, déi intensiv Gespréicher mat eelere Leit gefouert hunn an déi Gespréicher och schrëftlech op Däitsch fixéiert, mat der Kamera dokumentéiert hunn,
– en zunehmend Verständnis vum Medium Film bei de Memberen vum « Schuman Tube », déi zu Beetebuerg aktiv woren,
– eng Verbesserung vun de sozialen a kommunikative Kompetenzen a méi Selbstsécherheet am Ëmgäng mat frieme Leit bei enger ganzer Partie vun den involvéierte Schüler,
– en neien « Esprit de Corps » an eng nei Form vu Solidaritéit an Engagement ënnert de Memberen vun eisem nach jonke Film-Team, wat sech z.B. och a gemeinsam organiséierte Spenden-Aktiounen fir e gudden Zweck (Een Häerz fir kriibskrank Kanner / PADEM, Aide aux enfants en détresse / ASTI) bemierkbar gemaach huet.