One for creativity Luxicals a.s.b.l

Grënnen vun enger internationaler Musical-Gesangs-Grupp zu Lëtzebuerg

D’Zil vun eisem Projet war et, eng international Musical-Gesangs-Grupp zu Lëtzebuerg ze grënnen. Dëst fir Jonken vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun eng Plattform ze bidden, fir sech gesanglesch an kreativ am Musicalberäich z‘entwéckelen an auszeliewen. Zudem wollten mir duerch dëse Projet och eng weider kulturell Méiglechkeet zu Lëtzebuerg bidden fir Persounen, déi sech gären Concerten an Shows aus dem Beräich Musical ukucken.

Een vun eisen Haapt-Elementer war et, een Konzept fir eis international Musical-Gesangs-Grupp op d’Been ze stellen an duerch verschidden Aktivitéiten ze léieren, wat funktionéiert an wou Elementer mussen ugepasst gi.

Eist Konzept ass an déi 3 grondleeënd Elementer Educatioun, Kreativitéit an Evenementer veranstalten agedeelt. Mir hunn verschidden Evenementer ewell organiséiert (Concerten, Musical Workshops, Karaoke Event), wou mir villes ëmgesat an geléiert hunn.

Déi initial Iddi, eng international Musical Gesangs Grupp zu Lëtzebuerg ze grënnen, ass 2016 entstanen. Duerch verschidden Verännerungen missten mer de Projet fir en puer Joer op Äis leeën. Mëtt 2021 hunn sech dunn eis éischt Grënnungsmemberen nees zesummegesat an een Plang ausgeschafft, wéi een sech dësem Projet nees unhuelen kéint. Deen Moment hunn mir d’Luxicals a.s.b.l gegrënnt. Mir haten eis eng Zäitspan vun 1 – 1,5 Joer gesat, fir den Projet op d’Been ze stellen.

Eis war et vun Ufank un wichteg, dass d’Memberen esouwuel gesanglesch wéi och kreativ an der Entwécklung vum Projet mat agebonnen sinn an sech an dësen Elementer entfalen an weiderentwéckelen kënnen. Zudem ass et eis wichteg, dass d’Sprooch an d’finanziell Mëttelen vun den Jonken keng Barrière fir d’Participatioun sollen duerstellen.

Hei kënnt dir an zwee Lidder vun eis eralauschteren an iech och den RTL-Reportage iwwert eis ukucken:

https://www.youtube.com/watch?v=13qAhoYeFHo

https://www.youtube.com/watch?v=EIaIRrtNlqw

https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2019951.html