Sozial Responsabel

Conseil communal de jeunes Dudelange

De Jugendgemengerot ass am Schouljoer 14/15 an d’Liewe geruff ginn, fir dee Jonker zu Diddeleng eng Méiglechkeet ze ginn, hir Gemeng ze gestalten. Nieft dem Gemengerot an dem Kannergemengerot, setzt de Jugendgemengerot sech fir Jonker an hirem Alter an (12-20+ Joer).
D’Jonker, déi um Jugendgemengerot däerfen deelhuelen mussen op mannst 12 Joer hunn, zu Diddeleng ugemellt sinn an eng Schoul besichen resp. an der Léier sinn.
Zënter 2014 sinn am Jugendgemengerot verschidde flott Aktivitéiten fir Jonker ausgeschafft an duerchgefouert ginn: Si hunn Ëmfroen gemaach, waren op verschidden Evenementer vun der Gemeng mat engem Stand/Aktivitéit vertrueden (ë.a. Fête de la musique, Nuit du Sport, Braderie, Televie, Dudelange on wheels…), si hunn d’Broschür vun der Gemeng Diddeleng ergänzt, si hunn ee flotten Nomëtteg mat den Flüchtlingen geplangt an duerchgefouert an am Moment si si amgaangen sougenannten Selfiepoints fir d’Gemeng ze organiséieren.
De Jugendgemengerot gëtt deene Jonker eng Méiglechkeet, Verantwortung fir hir Gemeng an anere Jonker aus hirer Gemeng ze iwwerhuelen. Si léieren niewelaanscht politesch Strukturen a weider Strukturen op Gemengenebene kennen. Weiderhin kenne si och aner Kompetenzen entwéckelen (z.B. Aktivitéite organiséieren).