« Iwwer d’Grenzen ewech »

collectif DADOFONIC

Eng jonk Spuenesch Fra konnt sech net virstellen an d’Beruffsliewen ze goen.  Eng Zort Fernwéi huet hatt ergraff, an hatt huet sech, mat engem Pak Erfahrungen aus Schoul, Beruff an Fräiwëllegem Engagement, op d’Sich no engem kreativen Fräiwëllegendéngscht gemaach.  D’Silvia Pellejero huet sech als EVS Projekt de collectif DADOFONIC erausgesicht.  Hat wollt Nordeuropa kenneléieren, eng Zäit ausserhalb vu Spuenien liewen a schaffen.

Bei der Lëtzebuerger Kënschtlergrupp gouf hat an een funktionnéierend Gruppenliewen mat agebonnen, hatt konnt do Konscht an Theater um Terrain erliewen, an di grouss  Theaterbühn konnt hat bei der Prouwen zu Miersch am Kulturhaus, zu Mamer am Kinnécksbond oder am groussen Theater an der Stad erliewen.  Virun an hannert der Bühn huet hat de Kënschtler mat Behënnerung gehollef an si dobäi ënnerstëtzt hiert Talent ze weisen an hier Aarbecht gutt ze maachen.

Dono huet d’Silvia, mat Hëllef vun sengen groussen sozialen Kompetenzen, d’Kënschtler an klengen Eenzelprojeten weiderbruecht, an si mat engem Trickfilmprojet weider inspiréiert.  Si hunn gebastelt, gemoolt, Objeten entworf an natierlech Studioshooting gemaach. D’Silvia ass vun der DADOFONIC Ekipp bei sengem Wee zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn, hatt konnt sech dono och hei etabléieren an Aarbecht fannen.   An der Zwëschenzäit ass hatt erëm a Spuenien wou hatt sech op säin Examen virbereed fir als Engleschproff am Lycée ze schaffen.

Op de Fotoen gesäit een d’ Silvia mat Kënschtler op an hannert der Bühn, mat sengen 2 EVS Virgänger déi och Kontakt zum Kënschtlerkollektiv haten, oder et gesäit een hat beim schaffen mat eenzelnen Leit während de klenge Projeten.