One for creativity youngcaritas

ARTiculate

An Zesummenaarbecht mat de lëtzebuergeschen Urban-Art-Kënschtler Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd hunn déi Jugendlech vu youngcaritas eng mobil Konschtgalerie geschaaft.

D’Konschtwierker sinn vun de Jonken op dräi grouss Cuben aus Holz gesprayt ginn. Natierlech dobaussen!

Déi bond Wanderausstellung ass a fënnef Gemengen ausgestallt ginn. Um Rousegäertchen an der Stad Lëtzebuerg zu Esch/Uelzecht, Réimech, Bartreng a Leideleng konnten d’Leit de Jonken hier Wierker bestaunen. Duerch ee QR-Code kruten si och Infoen zu de jonke Kënschtler a konnten un enger Ëmfro deelhuelen.

Fir eise Jonken d’Méiglechkeet ze ginn ee Stéck vun hirem Konschtwierk kënnen ze halen, hu mir Worshops ugebueden, wou d’Kënschtler an aner Jugendlecher aus de Wierker Hockere gemaach hunn.

D’Haaptzil war et de Jonken eng Plattform ze bidde fir hire Gefiller duerch Konscht Ausdrock ze ginn an doduerch opzebléien. Si hunn wärend der COVID-Pandemie eng schwéier Zäit duerchlieft an dëse Projet sollt hinnen hëllefen “auszebriechen”: mental, ewéi och physesch.