Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Schülercomité


De Schülercomité ass am Schoulgesetz fixéiert. All Lycée muss all zwee Joer e Schülercomité wielen. De Comité organiséiert fir d’Schoulcommunitéit am Laf vum Schouljoer verschidden Aktivitéiten (Schoulfest, Vältesdag), setzt sech fir d’Schülerschaft an (duerch d’Versammlung mat den Klassendeleguéen z.B.), ass an de verschidden Schoulstrukturen vertrueden fir d’Schülerschaft ze representéieren (z.B. Conseil d’Educatioun), huet Versammlungen mat den verschidde Partenairen (z.B. Direktioun, Elterecomité, Proffecomité), mëscht Ëmfroen, informéiert, ënnerstëtzt an huet Afloss op nationaler Ebene (z.B. duerch d’CNEL). E grousse Projet am dëse Joer, deen am Kader vun hiren Aktivitéiten stattfënnt, ass een Austausch mat engem anere Schülercomité. Dofir organiséiere si eng Rees op München, fir si selwer Aktivitéiten lancéieren, fir d’Rees ze finanzéieren.
D’Schüler, déi am Comité deelhuelen sinn vun der Schülerschaft a demokratesch duerchgefouert Wahlen gewielt ginn.
