Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Prévention Suicide Jeunes

Objectifs:
D’Thema Suicide bei Jonken soll thematiséiert, analyséiert an „enttabuiséiert“ ginn.
Déi Jonk solle vermëttelt kréien dass et och a schwierege Liewenssituatiounen aner Optioune wéi de Suicide gëtt .
Déi Jonk sollen, duerch d’matwierken um an am Clip, sech aktiv mam Thema ausernee setze kënnen.
Mat hëllef vun der « Journée prévention suicide jeunes » sollen déi Betraffen eng Hëllefstellung kënne kréien an/oder ginn.
Jeunes ciblés:
Jugendlecher tëschent 12 an 30 Joer déi schonn mam Thema suicide konfrontéiert woren (sief et fir si selwer oder an hirem Famillen-/Frëndeskrees).
Déroulement :
1ère Phase : (10 jeunes)
– Ideen a Gedanke vun de Jonken zum Thema Suicide, a Gespréicher, sammelen an festhalen.
– Dorausser zesummen mat den Jonken e Storyboard schreiwen an d’Filmrollen festleeën an verdeelen.
– Tournage & Montage vum Clip « Cause à effet »
– Finalisatioun duerch d’komponéieren vun der Musek fir de Clip.
2e Phase : (23 Jeunes)
– Meeting mam « Centre d’Information et de Prévention » fir d’Organisatioun vun enger « Journée prévention suicide jeunes »
– Promotioun fir d’Journée (Flyer, Affiche, Facebook, Trailer Clip, Artikel fir d’Zeitung, Artikel Buet, …)
– Veranstaltung vun der « Journée prévention suicide jeunes » mat Workshops (fir déi Jonk, betraffen Elteren an Betreier aus dem Sozialen Beräich), Débat & Presentatioun vum Clip « Cause à effet »
3Phase : (X Jeunes)
– Propagéieren vum Message « Le Suicide n’est pas une option » an Hand vum Clip (Cause à effet).
– Den Clip gouf (an gëtt) an diversen Lycéen als outils pédagogiques genotzt
– Am Kader vun dem Projet « Philanthropie ça marche » konnten mir onsen Projet & Message verbreeden.
– Den Clip ass och op enger Konferenz vun der Santé Scolaire presentéiert ginn
