• Prix
    • Prix
    • Critères
    • Catégories
    • Jury
    • Cérémonie
  • Vidéo
    • Best Youthwork in town
    • GO Digital
    • Making Waves
    • No Planet B
    • Peer to Peer
    • We are the world
  • Actualités
  • Rétrospective
    • 2019
    • 2017
    • 2015
  • Contact

Ludobus/NOJU on Tour

D’Nordstadjugend a.s.b.l., besteet aus engem Jugendhaus zu Dikrich an engem Jugendhaus zu Ettelbréck, esou wéi aus dem regionale Volet, dem Jugendwunnen souwéi d‘Jugendaarbecht an den 9 Nordstadjugendgemengen. Zu dëse gehéieren déi 6 Nordstadgemengen, Bettenduerf, Colmer-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren, ewéi och Beefort, Feelen a Mäerzeg. Ab 2019 ass och d’Gemeng Buerschent eng vun de Nordstadjugendgemengen.

Am Kader vum „NOJU on Tour“ – Projet war vum Abrëll bis Oktober 2018 an eisen klengen Gemengen de Ludobus ënnerwee.

De Ludobus ass ee Spillmobil, den mat Gesellschaftsan Outdoorspiller souwéi Zirkus a Sportmaterial ausgestatt ass. Dëse bloe VW T3 Bus war all Dënschden a Mëttwoch an de Gemengen ënnerwee. Zesummen mat Memberen aus der pädagogescher Ekipp vun der Nordstadjugend konnten hei Jonker tëscht 11 a 26 Joer e flotten Nomëtte verbréngen.
De Ludobus war bewosst just an deene Gemengen ënnerwee, wou et kee Jugendhaus vun der Nordstadjugend gëtt. D’Iddi war nämlech, dass de Projet d’Roll vun engem mobille Treffpunkt fir Jonker iwwerhëlt. Am Kader vum Ludobus solle net nëmme Spillraim an de Jonken hirer eegener Gemeng geschaaft ginn mee och d’Kreativitéit, Participatioun souwéi eng Begeeschterung fir Beweegung gefuerdert ginn. Net zu lescht huet den „NOJU on Tour“ – Projet d’Ziel de Kontakt an d’Bezéiung zu deene Jonken opzebauen, déi eis Ekipp net duerch d’Aktivitéiten am Jugendhaus erreecht, Mam Ludobus wëlle mir souvill Jonker ewéi méiglech doriwwer informéieren, dass d’Servicer vun der Nordstadjugend do sinn fir si a ville Beräicher z’ënnerstëtzen, virun allem ausserschoulesch.

Op 48 Touren, déi de Ludobus an senger éischter Saison gemaach huet hunn am ganzen 308 Jonker deel geholl. Sécherlech ass do nach Loft no uewen, well d’Endziel vum Ludobus ass et, fir Jonker z’ënnerstezten an zesumme mat hinnen an hirer eegener Gemeng nei Iddi’en z’entwéckelen an och ëmzesetzen. All Gemeng an hir Jonker sinn anescht an hu verschidde Bedierfnisser an Iddi’en. Fir de regionale Volet ze decken huet d’Nordstadjugend zwar gréisser Projeten wéi den Jugend Jobdag, de Kachconcours, d’Teenagedream, de Fun&Run, de Sportsdag, … mee den Ludobus ass am regionalen Programm net méi ewechzedenken. Natierlech ass hei de Jonken de wichtegsten Akteur an kann a soll eegen Iddien mat erabréngen, wat d’Participatioun vun de Jonken stäerkt. Et ass immens wichteg dat déi Jonk sech an hirer Gemeng erhéiert fillen a sou léieren de néidegen Respekt ze ginn. De Projet erméiglecht ass och de Bedarf vun de Jonken an eiser Gemeng ze ermëttelen an sou de Jonken besser kënnen do ofhuelen wou hien grad steet. Dës néi Erausfuerderungen kënnen eis Team an eis oppen Jugendaarbecht enorm stäerken. Mir kënnen de Jonken besser an hirer Transitioun zur Säit stoen an d`Roll vum Bildungsassistent garantéieren.

Organisé par
Service National de la Jeunesse
Avec le soutien de
Anefore
Partenaire médiatique
RTL

© 2022 | Tous droits réservés

  • Mentions légales
  • Politique de confidentialité

Nous utilisons des cookies pour vous offrir la meilleure expérience sur notre site.

You can find out more about which cookies we are using or switch them off in settings.

Powered by  GDPR Cookie Compliance
Résumé de la politique de confidentialité

Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.

Cookies strictement nécessaires

Cette option doit être activée à tout moment afin que nous puissions enregistrer vos préférences pour les réglages de cookie.

Si vous désactivez ce cookie, nous ne pourrons pas enregistrer vos préférences. Cela signifie que chaque fois que vous visitez ce site, vous devrez activer ou désactiver à nouveau les cookies.

Cookies tiers

Ce site utilise Matomo pour collecter des informations anonymes telles que le nombre de visiteurs du site et les pages les plus populaires.

Garder ce cookie activé nous aide à améliorer notre site Web.

Veuillez activer d’abord les cookies strictement nécessaires pour que nous puissions enregistrer vos préférences !