Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
JUGENDGEMENGENROT HESPER


De “Jugendgemengerot” ass eng Méiglechkeet fir all Jonk aus der Hesper Gemeng fir regelméisseg iwwert hir Besoinen, hir Uleies an hir Iddien mateneen ënnert Jonker ze diskutéieren an Projeten auszeschaffen. Déi am Jugendgemengerot engagéiert Jonk engagéieren sech esou an hirer Gemeng an iwwerhuelen Verantwortung fir aner Jonk an doriwwer eraus Bierger vun Hesper. Iwwert d’Meckeren eraus kënnen déi Jonk hei konkret Virschléi maachen.
Am Joer 2014 konnt den JGR saïn Logo finaliséieren, deen den Jonken eng besser Unerkennung no baussen gëtt. Ee groussen an flotten Projet dee gemeinsam mam Schäfferot realiséiert gouf war den Frëschmaart, deen am September 2014 offiziell ageweit gouf. Dës Iddi ass vum Jugendgemengerot komm an sie hunn laang drun geschafft an sinn frou dass d’ Gemengenliewen elo mat deem Maart belieft gëtt. No der Summerpaus 2014 huet den JGR sech mam Treffpunkt Howald enger neier Thematik ugeholl.
Den JGR setzt sech dofir an, datt d’ Besoinen vun den Jonken an der Gemeng respektéiert an Eescht geholl ginn.
