Bedeelegung

ACT 4 YOUR CITY

Am Abrëll 2013 huet sech e Grupp vun Jonken a manner Jonken aus der Gemeng Diddeleng zesummengesat, fir e Jugendgemengerot zu op d’Been ze setzen.

D’Ziel vun deem Ganzen war et, dass Jonker aus der Gemeng sech fir hir Stad asetzen “Act for your City”. Zesummen an eisem Grupp hu mer méiglech Partner gesicht, fir eis Recrutementsaarbescht. Während der Ufanksphase hunn Leit eis dem Jugendhaus, vun der Gemeng an vum Lycée gehollef Jonker ze recrutéieren. Et goufen Stänn op Porte Ouverten opgeriicht, Fête de la Musique,…

Am Oktober 2013 war déi éischt Informatiounsversammlung iwwert dëse Projet. Eng 12 Jonker waren do, an säit deem sinn munch interessant Projeten entstan oder nach ëmmer um lafen:

  • Enquête iwwert d’Shoppingméiglechkeeten an Wënsch an der Gemeng (gouf em Schäfferot 2014 virgestallt)
  • Recrutementsaarbescht fir d’Joer 2014 / 2015
  • Broschüre iwwert Fräizäitaktivitéiten an der Gemeng Diddeleng. Wat kann e Jonken maachen, wéini a wou.
    (Kennt am Laf vun dësem Joer fäerdeg)
  • Dëst Joer am September wëllen déi Jonk e Festival fir aner Jonker op d’Been setzen. Preparatiounen sinn voll amgaangen. Enn 2014 gouf och e Budget fir de Jugendgemengerot gestemmt, esou dass mer elo och d’Méiglechkeet hunn, eise Finanzen sëlwer ze geréieren.

Während de Réuniounen vum Jugendgemengerot, déi all 3 Méinden ausserhalb vun de Vakanzen op der Gemeng stattfannen, ginn déi Jonk ëmmer vun engem Moderatiounsteam vun 2 Persounen begleet. Och wann d’Equipe vun de Jugendlechen net immens grouss ass, fir esou eng Gemeng ewéi Diddeleng, mierkt een awer Interessi vun deenen déi aktiv derbäi sinn. An dat alleng ass schonn derwäert, dass de Projet Jugendgemengerot soll a muss weider lafen.