Krea(k)tiounen

Fun&Run

Ëmmer erem muss ee feststellen, dass et fir vill Jugendlëcher oft net siichtbar ass, wéivill Aarbecht hannert engem Projet stëcht. Meechtens kréie si just d‘Resultat, awer net dee ganze Prozess mat. Fir dëst ze änneren kruten déi Jonk aus dem Dikrecher Jugendhaus d’Méiglechkeet en Event selwer op d’Been ze stellen. Ziel vun dësem Projet war et fir d‘Participatioun an d’Autonomie vun de Jonken ze stäerken. Si sollte léiere Verantwortung ze iwwerhuelen a sech awer net an hirer Kreativitéit aschrenken ze loossen. Nierwend deem ganze Volet vun der Organisatioun ass awer och enorm grousse Wäert op d’Teamaarbecht geluecht ginn.

Nodeems déi Jugendlech de Projet firgestallt kruten, hu sech 5 Jonker interesséiert gewisen fir en Event ze plangen. Si hu sech am Juli 2015 fir d‘éischt zesumme gesat an hunn e Brainstorming fir Ideeë gemaach.
Relativ schnell hu si sech op e Sportsevent gëeenegt. Lues a lues ass d’Iddi méi konkret ginn. Et war deene Jonke wichteg, dass bei hirem Event jidderee matmaachen a gewanne kann. Et sollt kee Wäert op den Alter (ab 12 konnt jidderee matmaachen), d‘Geschlecht, d‘kierperlech Fitness oder Weideres geluecht ginn.
Beim Fun&Run handelt sech em e Laf-Rallye fir Jonker a manner Jonker aus dem ganze Land. Jiddereen, ab 12 Joer duerft matmaachen.

An Equipe vun dräi Leit, sinn d’Participant’en e klenge Wee gelaf oder getrëppelt an hunn dono Spiller gemaach. De ganzen Dag iwwer ass et drëms gang esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen. De „Fun & Run“ ass esou opgebaut, dass all Equipe, egal wéi sportlech oder net sportlech, gewanne kann. Fir dësen Dag ass grousse Wäert ob d’Beweegung an de Spaass, ewéi awer och op den Teamgeescht vun de jeeweilegen Equipe geluecht ginn.
D’Equipen hu sech alleguer super dru ginn a konnten während de klenge Pause vun der Dikrich Plage profitéieren. Heizou huet gehéiert, dass si sech an der oppener Schwemm ofkillen oder hier Talenter am Beachvolleyball ënner Beweis stelle konnten.
De 16. Juli 2016, um Dag vum Fun&Run, waren 9 Equipe vu jeeweils 3 Leit ugemellt. Et war eng super Stëmmung an déi Jonk hunn e ganz positive Feedback vun de Participante kritt. Si wëllen de Fun & Run 2017 widderhuelen.